"Wat gréng ass, ass net fir jiddereen d'selwecht"
En Donneschdeg de Moie waren nohalteg Investissementer Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et géif Greenwashing ginn, ma et misst een de Begrëff "nuancéieren". Dat sot de fréiere Chef vu KPMG, Grënner vun der digitaler Investmentplatform "Moniflo" a Member vum Nohaltegkeetsrot Georges Bock en Donneschdegmoien um RTL-Mikro.
Greenpeace hat an engem Rapport virun 3 Joer festgestallt, datt déi 100 gréisst Fongen hei am Land véier Mol méi CO2 produzéieren ewéi de Grand-Duché selwer. De Georges Bock huet dat a Perspektiv gesat: de Foussofdrock vun der Fongeplaz wier natierlech méi héich, well déi Suen uechter d’Welt investéiert ginn. A sengen Ae kéint een dat Eent net mat deem anere vergläichen.
Par contre konnt hien net beurteelen, ob déi 100 gréisst Fongen hei am Land – esou ewéi Greenpeace dat festgestallt huet – méi e groussen CO2-Foussofdrock hunn ewéi den internationale Standard. Onofhängeg dovunner wier dem Georges Bock no souwisou eng aner Fro wichteg an zwar: "sinn d’Investisseure gréng?". Well d’Investisseure kafe sech an d’Fongen an. Etüden an Diskussiounen an der EU hätte gewisen, datt fir déi eng Atomenergie oder Gas Transitiounstechnologië wieren a fir déi aner net.
Wéi ass et da mat Kuel oder Fossil? Op senger Plattform "Moniflo" wieren 150 Fongen, vun deenen der 42 explizitt "Climate-change-Fonge" wieren. Wann e Client da keen Ueleg oder keng Kuele wéilt, wieren et der nach 5. Dat géing a sengen Aen awer net bedeiten, datt déi 37 aner "Greenwasher" wieren. De Georges Bock huet erkläert, déi 5 Fonge wiere "maximalistesch" a géinge guer net méi a Kuel oder Ueleg investéieren. Déi 37 aner géingen Energiekonzerner hëllefen, hir Produktiounen ëmzestellen a bis 2030, 50 - 60 % erneierbar Komponenten ze hunn. An eben hei wier et als Investisseur wichteg ze wëssen "wat wëll ech?"
Wann e Fong géing behaapten, datt a sengem Produit keng Kuel ass an duerno awer Sue vum Investisseur a Kuele landen, wier et nëmme normal, datt een duerno "Greenwashing" jäizt. An esou Fäll wier am Verkafsprozess eppes schif gelaf, sou de Georges Bock. Effektiv misst et méi Transparenz ginn an den Donnéeën an do wier een amgaang. Mä et bräicht och méi Transparenz bei der Decisioun ze kafen. D’Fonge wiere gefuerdert, fir de Clienten Outilen an Instrumenter ze ginn, fir datt déi och déi Decisioune kéinten huelen, déi fir si richteg wieren. Hien hätt "all Respekt fir d’Leit, déi maximalistesch ënnerwee sinn". De Georges Bock huet awer un de Sproch "wann ech well séier goen, ginn ech eleng a wann ech wëll wäit goen, da gi mer alleguer zesummen" erënnert.
Hie sot iwweregens och, datt nohalteg Fongen zanter 2017 an der Moyenne méi rentabel wieren ewéi net-nohalteger.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.