En Donneschdeg de Moie goung et ëm d'Thema Steierverwaltung an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter dem 1. Mee ass de Jean-Paul Olinger neien Direkter vun der Steierverwaltung. Hie soll déi gréisste Verwaltung am Land moderniséieren an digitaliséieren. 1.100 Leit schaffen a 70 Ekippen a 24 Gebaier. Si këmmere sech ëm 350.000 Dossiere vu Privatleit, 120.000 vu Betriber. Si stelle méi wéi eng Millioun Steierkaarten aus. A suergen derfir, datt 14 Milliarden Euro d’Joer erakommen. 
 
Moderniséiere wier kee Selbstzweck, seet den Invité vun der Redaktioun. Nei Aufgaben a vill Changementer wäre schonn a géife weider op d’Verwaltung duerkommen. Et bräicht een nei Kompetenzen an dofir misst een astellen. Honnerte vu Posten – och an den nächste Joren - stinn op.
Den informatesche System ass vereelzt. Well en awer nach funktionéiert, wär ni ee sou richteg drugaangen., ma dat soll awer elo geännert ginn. Bis d’Enn vun der Legislatur 2028 wëll de Jean-Paul Olinger e Plang stoen an deels ëmgesat hunn.
 
Fréier ass alles op Pabeier gemaach ginn. Och haut ginn déi meeschte Leit nach ëmmer d’Steiererklärung op Pabeier eran. D’Zukunft gehéiert awer der "Donnée". Dat heescht, d’Besteierung soll an Zukunft an déi administrativ Demarche integréiert sinn. En "Chatbot" um Internet soll ënnert anerem entwéckelt ginn.
 
Bei de Reklamatiounen, déi direkt un d’Direktioun ginn, ginn et aktuell grouss Retarden oder et kritt ee carrement keng Äntwert. 200 de Mount kommen eran. Och dat wëlle mer ugoen, seet de Jean-Paul Olinger. Dofir gi Leit agestallt, fir dat opzeschaffen. Bei klenge Problemer soll een awer virdru scho kucken, fir dat direkt mam Steierbüro ze klären.  

Invité vun der Redaktioun Jean-Paul Olinger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.