"Ass et de Rôle vum Staat, fir esou héich Renten 20-25 Joer laang ze bezuelen?"
En Dënschdeg de Moie war de Rentesystem Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"D’Rentemauer» wier no hanne geréckelt, mee nach ëmmer do", esou den Direkter vun der UEL, de Marc Wagener, en Dënschdeg de Moien hei op RTL. 1,2 Milliounen Salariéen, déi cotiséieren, wieren an Zukunft néideg fir d’Depensë vum Rentesystem, déi wuessen, ze finanzéieren.
De Marc Wagener huet dowéinst d’Propose vun de Vertrieder vum Patronat am Wirtschafts- a Sozialrot nach emol verdeedegt. Dës Propose géinge Kierzungen virun allem op héijem Niveau duerstellen. Ugeschwat op Rente vu just nach 2.623 Euro no Applikatioun vun de Kierzungen, déi d’Patronat an hirem Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot proposéiert huet, sot de Marc Wagener hie géing déi Bedenke "verstoen".
Hien huet ënnerstrach, datt d’Renten nach missten un den Index ugepasst ginn. Op d’Remark, datt dat just eng Kompensatioun fir de Kafkraaftverloscht wier, huet hie geäntwert, d’Kierzunge wiere just en Deel vun de Propositiounen. Den Direkter vun der UEL huet awer betount: "Mir hu keen Interêt Renten ze kierzen". D’Patronat wier just der Meenung, datt "d’Verwerfungen", déi entstoe géingen, wann näischt géing gemaach ginn, "vill méi grouss wieren".
De Marc Wagener huet d’Fro opgeworf: "Ass et de Rôle vum Staat, fir esou héich Renten 20 oder 25 Joer laang ze bezuelen?"
D’Propose vun de Vetrieder vum Salariat fir d’Cotisatiounen an d’Luucht ze setzen, wann de Rentesystem defizitär wier, dat wier de "falsche Wee", esou de Marc Wagener. Dat géing nämlech d’Kompetitivitéit schwächen, mee och d’Kafkraaft an d’Kredibilitéit vu Lëtzebuerg. Dem UEL-Direkter no géing dat no Bausse weisen, datt d’Land net kapabel wier Léisungen ze fannen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.