Esch preparéiert sech op 50.000 Awunner bis 2050
En Dënschdeg war d'Kritik um Pim Knaff Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Ech hunn natierlech eng Roll als Vermëttler tëscht dem Gemengeconseil an der ASBL FrEsch. D’Kommunikatioun muss definitiv hiergestallt ginn, an et ass och kloer, dass all d’Conseilleren d’Finanzdokumenter musse kréien. Dat sot den Escher Buergermeeschter en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
De Christian Weis huet domadder op Revelatiounen ronderëm d’Budgetsféierung vun där ASBL reagéiert.
FrEsch misst sech sécher Gedanken iwwert hir Gouvernance an hir Statutte maachen, a fir d’Rentrée soll de Gemengerot méi Detailer geliwwert kréien, notamment de Finanzrapport vun 2023.
Wat den ominéise Sportsmusée an Sportsarena ugeet, déi zu Esch-Lankelz geplangt waren, ass jo kloer, dass dee Projet näischt gëtt. Elo géif een no Alternative sichen, wat een awer och mat de lokale Sportsveräiner wëll maachen, a kucken wat reell Besoine sinn.
Et dierft een och net vergiessen, dass Esch eng Sportshal huet, déi souwisou muss renovéiert ginn. Do kéint een zwou Saache mateneen kombinéieren. Sport-Arena a Sportsmusée, wat een nationale Projet vum Ministère ass, kéinten och getrennt ginn. Fir e Musée wier ee weider Demandeur, mä dat wier kee Projet vun der Gemeng. Et misst och wierklech net op Lankelz kommen, do hätt ee schonn aner Plazen am Kapp.
Egal wéi: Alles wat zu Lankelz beim Wunnraum geplangt ass géif säi Wee goen, grad wéi aner Logementsprojeten zu Esch an op de Frichen, eng Stad déi sech op 50.000 Awunner an den nächste 25 Joer preparéiert
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.