En Donneschdeg de Moie waren d'Pensiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Ausgabe vun der Pensiounskeess wäerten an e puer Joer méi héich leien ewéi d’Recetten. Et kéint vläicht 2028 sinn, mee aktuell gesäit et nach ëmmer esou aus, ewéi wann dat 2027 schonn de Fall wäert sinn. Dat huet den Direkter vun der Pensiounskeess, den Alain Reuter erkläert. Hie wollt de Stéchdatum net als "Rentemauer" bezeechnen, mee eng "Niwwelwand". De Constat wier awer, datt déi Niwwelwand iwwert d’Joren no hanne geréckelt ass, mee elo wier se do.
 
D’Reform vun 2012 gesäit scho Mesurë vir, wann d’Ausgaben iwwert d’Recettë klammen, dorënner de "Modérateur de réajustement". Nieft der Indexéierung ginn d’Rente weider ugepasst an déi Upassung géing dann ebe reduzéiert ginn. Ma den Direkter vun der CNAP huet awer ze bedenke ginn, datt déi Mesure eréischt gräift, wann "d’Kand am Pëtz" läit. Déi Mesure géing, och wa se éischter géing gräifen, net duergoen a sengen Aen. Dem Alain Reuter no missten deemno weider Ausgabe reduzéiert oder verlagert ginn. Zum Beispill wiere Preretraiten an Invaliderenten* éischter Ausgaben, déi ënnert d’Aarbechtsrecht falen a vun anere Keesse kéinten iwwerholl ginn.
 
D’"Babyjoeren" net méi urechnen, wier keng Optioun. Den Direkter vun der CNAP mengt éischter, datt de Staat eng Géigefinanzéierung fir déi Jore misst schafen, well et déi aktuell net gëtt.

Den Alain Reuter huet en Donneschdeg de Moien och erkläert, datt iwwert déi nächst 10 Joer, 4,4 Prozent méi Leit pro Joer hir Pensioune wäerten ufroen. 2,4 aktiv Salariéeë géingen hautdesdaags e Pensionär finanzéieren.

*Wéi d'Pensiounskeess nom Interview preziséiert, wier den Term "Invaliderenten" an dësem Fall net richteg, ma et wieren "Reclassementer" respektiv "Indemnités d'attente" gemengt.

Invité vun der Redaktioun: Alain Reuter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.