Ech wollt keen "All in One" hei zu Paräis sinn
E Freideg de Moie waren d'Olympesch Spiller Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Olympesch Spiller zu Paräis daueren nach bis e Sonndeg. E Freideg de Moie war de Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei eis Invité vun der Redaktioun.
Wat déi sportlech Leeschtungen ugeet, huet de Raymond Conzemius virun allem déi vum Patrizia van der Weken ervirgestrach. Schonns am Virfeld vun de Spiller hätt ee probéiert, d'Sprinterin esou gutt wéi méiglech ofzeschiermen an esou Drock vun hir ze huelen. D'Christine Majerus hätt eng gutt Course gewisen. Leider gouf et awer eng Partie Kilometer virun der Arrivée eng Chute an dofir wär kee bessert Resultat méiglech gewiescht. Den Dressurreider Nicolas Wagner hätt och eng ganz gutt Prestatioun gewisen.
Fir de Raymond Conzemius waren et déi éischt Summerspiller als Chef de Mission. Et hätt ee gutt als Ekipp zesummegeschafft. Dat war am Virfeld och säin d'Zil. Ech hu meng Roll hei net als "All in One" gesinn. Jiddweree wousst wat ze maache war.
De Chef de Mission huet sech enttäuscht gewisen, datt d'Leeschtunge vum d'Ni Xia Lian vu verschiddene Leit zu Lëtzebuerg nach ëmmer net richteg unerkannt géife ginn. Déi 61 Joer al gebierteg Chinesin hätt an de leschte Jore ganz vill fir eist Land gemaach. Dacks wier et awer leider esou, datt déi Grande Dame aus dem Dëschtennis am Ausland méi Wäertschätzung géif kréie wéi zu Lëtzebuerg. Et misst ee kucken, fir d'Ni Xia Lian an Zukunft verstäerkt als Ambassadrice vu Lëtzebuerg anzesetzen. A China hätt si Millioune Follower.
De Raymond Conzemius huet och no vir op d'Spiller 2028 zu Los Angeles gekuckt. Ufank vum nächste Joer wëll een eng éischte Kéier an Amerika fléien, fir ze kucken, wéi déi aktuell Situatioun ass. Et géif een och probéieren, ee "Pre-Game Camp" fir déi Lëtzebuerger Delegatioun, z'organiséieren. Dat wier duerch d'Zäitverschibung ganz wichteg.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.