E Mëttwoch de Moie war d'Aarbecht Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et huet een am Travail vill op der Lee an et wëll een nach an den nächste Méint liwweren. Esou kann een d'Aussoe vum Georges Mischo hei op der Antenne resuméieren. Den Aarbechtsminister war den Invité vun der RTL-Redaktioun. Fir den Aarbechtsministère huet ee sech am Koalitiounsaccord vill virgeholl. Et wëll een d'To-Do-Lëscht de Prioritéiten no ugoen, esou de Georges Mischo. An do stinn 3 Projete ganz uewen.
 
"Dat ass emol d'Kollektivvertragswiesen, d'Aarbechtszäitorganisatioun an dann de Sozialdialog an den Entreprisen."
 
Bei deene Sujeten ass ee Gremium ganz wichteg de "comité permanent pour le travail et l'emploi" kuerz CPTE, wou d'Regierung mat de Sozialpartner, also Patronen a Gewerkschaften ëm een Dësch sëtzt. Do gëtt diskutéiert. De Minister Mischo wëll do ganz genee nolauschteren, diskutéiere an dann awer och eng Decisioun huelen.
Beim Kollektivvertragswiesen soll de Projet de loi Enn vum Joer um Dësch leien, wuelwëssend, dass do d''Ëmfeld een anert ass, jee no Gréisst vun der Entreprise.
 
Bei der Aarbechtszäitorganisatioun geet et ëm Sonndesaarbecht vun an Zukunft bis zu 8 Stonnen. Och dee Projet ass an der Pipeline fir déi nächst Méint.

Och de Sujet "méi flexibelen Congé maternité" ass net vergiess ginn. Zum Beispill d'Méiglechkeet, dass ee 6 vun deenen 8 Wochen no der Gebuert kann huelen. Dat Ganzt wäert nach virun der Allerhellegevakanz Deel vun engem méi globalen Avant-projet de Loi iwwert d'Congés extraordinaires sinn, deen nieft dem Travail och de Gesondheets- an de Familljeministère mat abënnt.
 
Sujet am Gespréich mam Aarbechtsminister Mischo war d'Fro, ob de Kollektivcongé am Summer am Bausecteur nach zäitgeméiss ass, 
 
"Déi Fro muss ee sech wierklech stellen, wann ee kuckt wéi vill Projeten dass mer duerch d'ganzt Land hunn, ob dat Autobunnsprojete sinn, ob dat Bauprojete sinn. Ob do muss Congé collectif sinn oder ob Derogatioune kéinte gemaach ginn. Dat gëtt zwar gemaach vun der ITM, do kommen Demanden eran fir déi eng oder aner Saach. Mä ob et zäitgeméiss ass, muss een eng Kéier mat de Sozialpartner duerchdiskutéieren, fir ze kucken, eng aner Léisung ze fannen, wéi elo 3 Woche laang komplett zouzemaachen."
 
Och dat ginn intressant Gespréicher mat  Patronat a Gewerkschaften.

Invité vun der Redaktioun: Georges Mischo

Reaktiounen op d'Aussoe vum Minister

Ass de Kollektivcongé nach zäitgeméiss?
Ass et an engem Land mat esou ville grousse Projeten nach gerechtfäerdegt, ganz Chantiere fir 3 Wochen zou ze maachen?

Déi Lénk hunn iwwerdeems an engem Communiqué op dem Aarbechtsminister seng Aussoe reagéiert a weise sech entsat. De Congé collectif wier wichteg, fir dass ee kéint zur Rou kommen. Dat géif et an der Justiz an an der Educatioun och ginn, a grad bei kierperlech ustrengender Aarbecht wier dat wichteg. De Congé collectif ofzeschafe wier "inakzeptabel", sou d'Carole Thoma vun déi Lénk. D'Partei ass awer och géint d'Eropsetze vun de Sonndesstonnen. Et géif grad déi betreffen, déi schonn immens flexibel Aarbechtsstonnen hunn, also de Commerce an d'Horeca. Deene Leit dann an der Woch fräizeginn, wou "si net vun hirer Famill oder hire Frënn profitéiere kënnen" a vun Work-Life-Balance ze schwätzen, wier "naiv a culottéiert", sou déi Lénk.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.