De Prinzip vum "once only" soll endlech agefouert ginn
E Méindeg de Moie war ënnert anerem d'Chamber Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mat der Françoise Kemp, CSV, hate mir eng jonk Politikerin als Invitée vun der Redaktioun. Si gesäit d'kënschtlech Intelligenz an d'Digitalisatioun als zwou vun de gréissten Erausfuerderungen, déi op d'Land an d'Gesellschaft duerkommen. An de Relatiounen tëscht dem Staat, respektiv de Gemengen mam Bierger mécht d'CSV-Deputéiert sech staark fir de Prinzip vum "once only" .
Déi däreg "Simplification administrative" gëtt zanter Joerzéngte thematiséiert. Et gouf awer bis ewell kee Stéck. Dës Regierung wëll elo Stullgang an dat Ganzt kréien an de Prinzip vum "once only" aféieren, deemno e Betrib an och Privatleit nëmmen eemol dem Staat verschidden Donnéeë muss ginn, amplaz e puer Mol ëmmer nees déi selwecht Donnéeën. D’staatlech Verwaltungen, Ministèren an d’Gemenge sollen also an Zukunft obligéiert sinn, fir d’Donnéeën digital ënnerteneen auszetauschen. Dat erspuert de Leit net nëmmen Zäit an Nerven, esou d'Françoise Kemp
"..et geet och drëm, méi e pro-aktive Staat ze ginn. Ee Staat, deen am viraus ka soen: " déi Persoun huet déi an déi Demande gemaach bei eis, an déi oder déi Demande kéint och a Fro kommen, déi fir déi Persoun kéint wichteg sinn", fir dass mer ee Staat kréien, dee méi effizient a pro-aktiv ka schaffen."
Bei deem Ganze wier den Dateschutz ee ganz wichtege Volet. Dat géif och fir eng weider Erausfuerderung fir d'Zukunft gëllen, nämlech d'kënschtlech Intelligenz.
Et misst een d'KI als Chance gesinn, déi awer ee klore Kader brauch, fir dass de sougenannten End-Verbraucher och weess, mat wat hien et ze dinn huet.
Ee Land wéi Lëtzebuerg géif der Françoise Kemp no gutt drun doen, fir bei der kënschtlecher Intelligenz eng Virreiderroll bei der Innovatioun ze iwwerhuelen.
"An deem Beräich kënnt Fuerschung zesumme mat Innovatioun, an et geet drëm, Virreider ze sinn, dat heescht, eis Fuerschung no vir ze bréngen an an deem Beräich eis Leit och auszebilden op der Uni, fir dass si besser preparéiert sinn op den Aarbechtsmarché".
Fuerschung wier och wichteg beim Wee, deen ee mat KI wëll goen a bei de Risiken, déi domadder verbonne sinn.
Wat d'national Politik betrëfft, ass de Budget 2025 eng vun den nächste groussen Etappen. Do wëll d'Françoise Kemp, dass mir "... weider Akzenter setzen am Beräich Ëmwelt a Klima, an dass mir weider Akzenter setzen an der Aarmutsbekämpfung. All 4. Kand zu Lëtzebuerg lieft am Aarmutsrisiko, an och do musse mir Akzenter setzen."
A Saache Pensiounsreform wëll d'CSV-Deputéiert, dass déi Jonk mat an d'Diskussiounen agebonne ginn, well et an éischter Linn ëm si geet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.