CFL-Retarden: Et gëtt vill Loft no uewen
En Donneschdeg de Moie war d'Eisebunn Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Pénktlechkeet vun den Zich läit bei ronn 90 Prozent - domat kommen am Duerchschnëtt 9 vun 10 Zich pénktlech un, esou de Generaldirekter vun den CFL. De Marc Wengler war den Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Generell géif awer vill gemaach ginn, fir déi Pénktlechkeet weider ze verbesseren. Zum Beispill den Ausbau vun de Reseauen. Donieft gouf den Donneschdeg de Moien och iwwer d'Perceptioun vun de Clienten an iwwer d‘Zuch-Barrièren diskutéiert.
Mat 90 Prozent Pénktlechkeet wier ee vis-à-vis vum Ausland op engem ganz gudden Taux, seet de Marc Wengler. Op 3 vun de 6 groussen Zuchlinnen, méi genee am Osten an Norde vum Land, wier ee souguer iwwer deenen 90 Prozent. Gréisste Problem wieren d‘Streiken am Ausland, déi e groussen Impakt op de Lëtzebuerger Zuchreseau hätten. Zejoert goufe ganzer 94 Deeg gestreikt. Virop de Süde vum Land ass dovu betraff.
"Dat ass dann och keen Zoufall, dass mir do ee vun deene gréissten Ausbau-Projeten hunn tëschent Beetebuerg a Lëtzebuerg, déi sou genannten Neibaustreck. Do gëtt d‘Streck komplett verduebelt, also d‘Capacitéite ginn do verduebelt, an dat ass och elo den Ament dee Projet, wou mir elo dra sinn, wou mir dës 2 Méint profitéiere vun de Vakanzen."
Muss sech net besser koordinéiert ginn?
Op d’Fro, firwat grouss Chantiere wéi d'Diddelenger Autobunn an den Ausbau vun der Zuchstreck tëscht Beetebuerg an der Stad parallel lafen, seet de Marc Wengler, dass ee sech permanent tëscht den CFL, de Ponts et Chaussées an de Gemenge géing concertéieren, fir d’Konsequenzen op de Verkéier ze limitéieren. Et wier awer normal, dass grouss Schantercher en Impakt hätten, och op den Autostrafic.
"Jo natierlech ass et besser, wann dir Pause maacht vun engem Mount oder zwee Méint, da kann ee wierklech gutt weiderkommen, wéi wann een dat elo a vill méi klengen Abschnitter géing opdeelen. Déi lescht Joren hate mir jo éischter am Norde geschafft, Gare Miersch, Gare Ettelbréck als Beispill, do hu mir awer och mat de Ponts et Chaussées gekuckt, wa mir Spärungen haten, dass déi net den nämmlechte Moment Maintenance an den Tunnellen haten. Dat si Saachen, déi gi systematesch gekuckt."
Dummeldeng, Näerzeng, Diddeleng: vill Zuch-Barrièrë suerge fir Stau
E weidere grousse Problem fir vill Leit sinn déi mëttlerweil nach 106 Zuch-Barrièren uechter d'Land. Eng 40 goufen der iwwert déi lescht Jore schonn ewechgeholl. Dat wier e laangwierege Prozess, dee vill Planung néideg géif maachen. Vun der Iddi, bis bei d’Realisatioun vun enger Alternativ, léich ee gären emol bei 10 Joer.
"Do muss ee mat ganz villen Acteuren, der Gemeng mat Ponts et Chaussées nees an deem Fall, awer och ganz oft mat Proprietäre vun Terraine schwätzen, well entweder muss een en Tunnel bauen, eng Bréck bauen oder iergendwéi Alternativen. Et kann ee jo net einfach alternativlos Barrièren zoumaachen. Mir hunn do ee gudde Rhythmus."
Zwou bis dräi Barrièrë géingen dem Marc Wengler no all Joer zougemaach ginn. Eng Wonschvirstellung, bis d’Barrièren all verschwonne sinn, dat "wäert sécher nach eng Zäitchen daueren."
Pénktlechkeet wier natierlech e wichtege Sujet, esou de Generaldirekter vun den CFL. Ma d‘Informatiounen un d‘Passagéier ze bréngen, wier genau esou wichteg. Och hei géing een dru schaffen, fir sech ze verbesseren. D'Perceptioun vum Client wier den CFL ganz wichteg, dowéinst géing een all Joers dausende vu Clientë befroen, fir hir Servicer ze verbesseren.
Ugeschwat nach op d‘Mëssstänn am Service vun der Videoiwwerwaachung vun den CFL hätt een eng intern Enquête lancéiert. Mëttlerweil hätt een nei Informatioune kritt, op Base vun deenen een disziplinaresch Moossname geholl hätt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.