E Freideg de Moie war de Rentesystem Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Duerch d'Pensiounsreform vun 2012 wier et schonn eng "massiv Verschlechterung" ginn: déi Jonk vun deemools kréie scho manner Renten ewéi hir Virgänger, esou den Direkter vun der Chambre des Salariés e Freideg de Moien hei op RTL. De Sylvain Hoffmann huet och gewarnt, datt wann d'Ausgaben iwwer d'Recettë klammen, de Reajustement – eng zousätzlech Upassung nieft dem Index – wéinst der Reform vun 2012 a Fro gestallt gëtt, wat weider Verschlechterunge fir d'Rentner bedeit.

"Duerch d'Gesetz vun 2012, do steet nämlech dran, dass wann dee Moment géif kommen, wou d'Depensen iwwer d'Recettë klammen, dass dann automatesch deen Ajustement vun de Pensiounen net méi voll spillt oder respektiv guer net méi spillt. A bon, mir hunn eng Kéier gekuckt, wann een effektiv elo eng Persoun huet, déi viru 25 Joer an d'Pensioun gaangen ass, déi haut eng Pensioun huet vun 3.800 Euro zum Beispill, wat ongeféier eng Duerchschnëttspensioun ass, déi hätt ouni den Ajustement déi lescht 25 Joer just eng Pensioun vun 3.000 Euro. Dat heescht 800 Euro manner, wann et deen Ajustement an deene leschte Joren net ginn hätt."
 
Hien huet dowéinst gefuerdert, datt een de System bäibehält an déi ënnescht Rente stäerkt. Dat grad elo wou d'Regierung Diskussiounen am Hierscht ugekënnegt huet an d'Patronen ënnert anerem Kierzunge vun de Rente froen, well de Projektiounen no an dräi Joer d'Ausgabe vum Pensiounssystem méi héich wäerte sinn, ewéi d'Recetten.
 
Déi Projektioune wiere fir de Sylvain Hoffmann, eng "onduerchsiichteg" Geschicht. Hien huet notamment op nei Zuele vum Statec higewisen, deenen no just een zousätzleche Prozent Wirtschaftswuesstem néideg wier, fir datt de System am Equiliber bleift. Den Direkter vun der Chambre des Salariés huet "Niwwelkäerze" kritiséiert: datt dacks géing behaapt ginn, datt et am Privé vill déck Pensioune géing ginn, wat awer net de Fall wier.
 
Wann de System misst reequilibréiert ginn, bleift fir d'Salariatsvertrieder eng Hausse vun de Cotisatiounen déi bescht Optioun. Am Verglach mam Ausland wier d'Laascht méi kleng ewéi den Duerchschnëtt an der Eurozon, also wier do "scho Marge".
 
De Sylvain Hoffmann war och skeptesch wat d'Pist ugeet, déi d'Sozialministesch Martine Deprez an d'Spill bruecht hat. Nämlech de Cotisatiounsplaffong vun aktuell fënnef Mol de Mindestloun op véier erofzeschrauwen an esou d'Recetten, mee virun allem d'Depensen, ze reduzéieren. Fir den Direkter vun der Chambre des Salariés géing een domadder schonn den aktuelle System a Fro stellen. Hien huet sech dofir ausgeschwat, datt een de Plaffong grad am Géigendeel an d'Luucht setzt, ouni datt déi, déi méi cotiséiere géingen, dann entspriechend méi Rente kréichen. Dat géing da méi Recetten ouni méi Depensë bedeiten.
 
De Sylvain Hoffmann stellt sech op jiddwer Fall op hefteg Diskussiounen am Hierscht an.

Invité vun der Redaktioun: Sylvain Hoffmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.