Rentendebatt: D'Sue wieren am System, mä vläicht net gerecht verdeelt
E Freideg de Moie war ënnert anerem de Pensiounssystem Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’LSAP wäert hir Positioun an der Pensiounsdebatt an den nächste Wochen definéieren. "Den Ament si mer nach an der Phas vun der Analys, wou mer och Experte wäerte gesinn", esou den LSAP-Generalsekretär Sacha Pulli e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hie perséinlech huet awer schonn an engem Artikel am Tageblatt d’lescht Woch Denkustéiss ginn. Säin Haaptconstat: am System wieren aktuell Ongerechtegkeeten.
Op éischter Plaz huet de Sacha Pulli d’Mindestrent genannt, déi e gutt Stéck ënnert dem Referenzbudget, also dem Seuil, fir dezent ze liewen, läit. Dann huet den LSAP-Politiker den Gender-Gap ernimmt, also de Fait, datt Frae weiderhi vill manner Pensioun kréien, ewéi d’Männer. Fir d’Sozialiste wier eng Rout Linn awer sécher iwwerschratt, wa sozial Acquisen, ewéi beispillsweis d’Urechne vun de Baby-Jore géing ewechfalen, esou wéi d’Patronat et an d’Spill bruecht hat. Dem Sacha Pulli no misst een och ophalen, de Privatsecteur géint d’Fonction publique auszespillen.
Op Säite vun den Ausgabe wéilt d’LSAP net vill maachen, ausser datt de Staat d’Fonctionnementskäschten ewéi d’Paie bei der Pensiounskeess selwer géing iwwerhuelen. Fir de Rentesystem finanziell ofzesécheren a méi onofhängeg vun der Croissance vum Aarbechtsmaart ze ginn, schléit den LSAP-Generalsekretär vir, "alternativ Finanzéierungsquellen" ze fannen.
Eng Optioun wier, datt de Staat géing 10 Prozent amplaz 8 Prozent cotiséieren. Donieft huet hien drop higewisen, datt am Verglach mam Ausland, d’Kapital zu Lëtzebuerg manner besteiert gëtt ewéi d’Aarbecht. Et géing net u Suen "am System" feelen, esou de Sacha Pulli. Se wieren "eventuell" just net gerecht verdeelt.
Mat der Reform vun 2012, déi ënnert der Fieder vum LSAP-Minister Mars Di Bartolomeo wärend der CSV-LSAP Regierung entstanen ass, gouf et der Chambre des salariés no scho Verschlechterungen. De Sacha Pulli sot, seng Partei géing zu där Reform stoen. Hien huet awer betount, datt déi aktuell Regierungsparteien CSV an DP deemools gär méi wäit gaange wieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.