En Donneschdeg de Moie war d'Poopstvisitt Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Mir ware ganz iwwerrascht, wéi d'Visitt vum Poopst annoncéiert gouf", sot e Mëttwoch de Moien de Generalvikar Patrick Muller. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun a koordinéiert fir déi kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg d'Poopstvisitt.

Katholicke maache just nach 40 Prozent zu Lëtzebuerg aus

De Poopst geet jo gären an d’Peripherie. Lëtzebuerg ass zwar e räicht Land, mä wier, wat de Glawen ugeet, haut och e bësse Peripherie. Et gouf 2015 d’Trennung vu Kierch a Staat. D’Entwécklung wier nach net ofgeschloss, mä et wier ee voller Zouversiicht, datt dat gutt weidergeet. D'Katholicken zu Lëtzebuerg si manner ginn. Si maachen der Statistik no nach just 40 Prozent aus. Dat wier haut anescht, wéi bei der Poopstvisitt 1985. Dowéinst si mer frou, datt de Poopst eis encouragéiere kënnt, sou de Patrick Muller.

De Generalvikar huet de Poopst schonn 2022 kënne kenneléieren. Et wier ganz entspaant gewiescht an de Poopst hätt eppes “Léiwes, Väterleches an Zevirkommendes" u sech. En hätt deemools gesot: “Piccolo Lussemburgo, avanti!” Och wann ee kleng wier an et net ëmmer einfach wier, sollt ee couragéiert no vir goen.

Mat Kritik un der Visitt gouf gerechent

D'Kritik un der Poopstvisitt huet sech de Generalvikar Muller erwaart. Hie wier enttäuscht gewiescht, wa se sech guer net gemellt hätten, sot hien en Donneschdeg de Moien. Aus hirer Siicht kéint een dat verstoen. Och wann de Grand-Duc hei Saache géif ënnerstallt kréien, déi net géife stëmmen. Et wier eng Staatsvisitt vu villen op Invitatioun vum Grand-Duc. Wann de Grand-Duc wierklech seng privat Interessen an de Vierdergrond gestallt hätt, dann hätt en dat schonn éischter kënne maachen, an hätt net 24 Joer gewaart.
 
650 Leit aus dem Grand Public goufe jo ausgeloust, fir an der Kathedral kënnen derbäi ze sinn. Déi Leit goufe vun der Police gecheckt a mussen och en Donneschdeg duerch d’Sécherheetsmesuren. Ma et wéisst een net genee, wien dat wier. Et wiere vill Lëtzebuerger an och Net-Lëtzebuerger. Leit, déi hei wunnen oder och net hei wunnen. Déi aner Invitéë wiere Gleeweger an Engagéierter, déi vun der Kierch invitéiert goufen. 250 sëtzen en engem “Luxuszelt”, direkt nieft der Kathedral. Dat wier gehëtzt. De Poopst geet do och derduerch. Do gesäit ee en villäicht souguer besser, wéi wann een eng Sail viru sech huet, huet de Patrick Muller gemengt.

Pasta, Uebst a Miseler Pinot Gris beim Mëttegiessen

Am Bëschofspalais verbréngt de Poopst seng Mëttegstonn. Et gëtt e liichten, italieenesche Menü: eng Pasta, net ze vill, e Stéck Fleesch, et wier jo net Freideg. De Poopst wéilt och ëmmer Uebst, mat enger Séissegkeet oder eng Boule Glace. De Poopst géif och e gudde “Miseler Pinot Gris” zerwéiert kréien, esou nach de Generalvikar Patrick Muller.

Invité vun der Redaktioun: Generalvikar Patrick Muller

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.