E Freideg de Moie war d'Piratepartei Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Ech fannen et schued fir jiddereen, dee geet, an d’Mandat bei eng aner Partei mathëlt. Ech kann awer d’Beweeggrënn ganz dacks novollzéien, dat sot de Sven Clement e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass ee vun den elo nach zwee Deputéierten, déi d'Piraten nach an der Chamber vertrieden. Et wär aktuell eng ganz schwiereg Situatioun fir d’Partei an do misst een elo eraus krabbelen. An den Ae vum Matgrënner vun der Piratepartei geet dat just, wann ee sech nees op d'Wäerter géif besënnen, firwat d'Pirate stinn: Transparenz a méi Biergerbedeelegung, sou eisen Invité vun der Redaktioun. Och misst d'Partei zesummen no vir kucken.

Dat schéngt allerdéngs fir den Ament e fromme Wonsch ze sinn. Einstweilen iwwerweien nämlech nach ëmmer d'Streidereie bei de Piraten.

All d'Säite musse verbal ofrüsten

Nom Depart vum Norddeputéierte Ben Polidori gouf dës Woch bekannt, datt och d'Stater Conseillère Marie-Marthe Muller d'Piratepartei verléisst a bei d'Sozialisten um Knuedler wiesselt. D'Parteileedung vun de Piraten hat en Donneschdeg an deem Kontext e ganz secke Communiqué gemaach. Déi concernéiert Politiker hätte keen Anstand, kee Courage a kee Respekt. E Communiqué, deen de Sven Clement net mat geschriwwen huet a vum Wuertlaut sou och net matdréit.

All Säite misste verbal ofrüsten, huet sech de Sven Clement e Freideg bei eis gewënscht. Duerch d'Gestreit wier een amgaang d'Credibilitéit, déi ee sech déi lescht 15 Joer opgebaut huet, ze verléieren. Hie selwer géif och déi deels ganz penibel Aussoen a Kriticke géintiwwer dem Marc Goergen op enger Pressekonferenz am Juli bereien.

15 Joer laang Häerzblutt an d'Partei gestach

De Marc Goergen hat dës Woch an engem Interview um Radio 100,7 de Verglach gezunn tëscht der Gaardenhaischen-Affär ëm de gréngen Député-maire Roberto Traversini an dem MALT-Dossier (d'Sproochen-App, déi d'Piratepartei fir den Office National de l'Accueil ausgeschafft huet a wéinst där den ONA wéinst onklore Rechnunge Sue vun de Piraten zréckfreet). Hien huet an dem Kontext de Sven Clement opgefuerdert zréckzetrieden. Fir den Zentrumsdeputéierte gëtt et duerfir awer kee Grond. De Marc Goergen géif vläicht op e Récktrëtt vun him waarden. Hien hätt an de leschte Jore säin Häerzblutt fir d'Pirate ginn. D'Pirate wieren haut sécher net do, wann net eng ganz Rëtsch Leit un deem Projet geschafft hätten. Leit, déi deels awer gaange wieren, well se net méi mam Ëmgangstoun an de Wäerter vun de Piraten averstane waren. Wéi vill Memberen d'Piratepartei elo rezent verluer huet, dee Chiffer hat de Sven Clement e Freideg eegenen Aussoen no net.

MALT: Dat wat geschëlt ass, bezuele mer zréck

Bis e Méindeg mussen d’Piraten iwwerdeems hir Konten aus de leschte 6 Joer beim Chamberbüro eragereecht hunn, déi da vum Rechnungshaff wäerten ënnert d’Lupp geholl ginn. Donieft ass deen Dag och eng Sëtzung vun der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber an där d'Finanzinspektioun a KPMG am Dossier MALT gehéiert ginn. Hien hätt e rouegt Gewëssen, seet de Sven Clement. A géif net fäerten, datt do belaaschtend Elementer géint hien op d'Tapéit kommen. Et géife just nach eenzel Piècë feelen. Déi kéint een ouni Problem noreechen. Da misst och kloer sinn, wéi vill Suen d'Piraten dem ONA schlussendlech wierklech schëlleg wieren. Wat geschëlt ass, géif een natierlech zréckbezuelen. De Montant vun 92.000 Euro, deen elo am Raum steet, géif allerdéngs d'Spuer net halen.

Anescht wéi an der Vergaangenheet ass de Sven Clement e Méindeg wéinst engem potentiellen Interessekonflikt an der Sëtzung net derbäi.

Invité vun der Redaktioun: Sven Clement

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.