E Méindeg de Moie war d'politesch Rentrée Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Ursaach fir d’Walerfolleger vu rietsextreme Parteien uechter Europa wier, datt d’Ongläichheete wuessen. Där Meenung ass jiddwerfalls den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, deen de Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun war. Wann d’Leit sech "individuell, identitär" Froe stellen, da wier dat, well se sech ebe grad ausgeschloss géinge fillen. D’riets Parteien hätten "autoritär Äntwerten", déi sech géint ee "Sënnebock" riichten. 
 
Déi Lénk hei zu Lëtzebuerg hunn net Wëlles, méi kritesch oder konservativ Positiounen ze huelen ewéi d’Sahra Wagenknecht, déi sech jo vun Die Linke getrennt huet. "Dat, wat d’Zil vu lénker Politik ëmmer muss sinn, dat ass d’Emanzipatioun vum Mënsch, vun de Konditiounen, ënnert deenen ee lieft", esou de Marc Baum. Déi Konditioune kéinten och Diskriminatioun sinn oder eng "Schabloun", an déi ee gedréckt géing ginn.
 
Déi identitär an déi sozial Froe wieren dem Deputéierte vun déi Lénk no zwou Säite vun der selwechter Medail.
 
"Eng Mëllechkou, déi net anstänneg gestrach gëtt, déi gëtt krank"

Heiheem wieren net all eenzel Mesurë vun der CSV-DP-Regierung, fir d’Aarmut ze bekämpfen, schlecht, esou de Marc Baum. Allerdéngs kéime Leit mam Mindestloun nach ëmmer net iwwer d’Ronnen. D’Steierbefreiung vum Mindestloun wier sekundär an d’Haaptfro wier: "dat, wat ee fir seng Aarbecht kritt, ass dat Garant genuch, datt een dezent liewe kann?" Dorop higewisen, datt de Mindestloun hei am Land héich ass, mee déi héich Logementspräisser e Problem sinn, huet den Deputéierte vun déi Lénk mam Fanger op eng joerzéngtelaang Politik vum "laisser-faire" am Wunnengsbau gewisen. De Staat an d’Gemengen hätte sech aus der Verantwortung geholl. 
 
Déi Lénk proposéieren eng fundamental aner Politik: eng staark ëffentlech Hand, Aarbecht, déi sech lount an eng méi staark Besteierung vum Kapital. De Marc Baum huet de Risk, datt Kapital, ewéi e Réi viru Steiere fortleeft, relativéiert. Etüden a Statistike géingen a sengen Ae weisen, datt Lëtzebuerg mat Ofstand déi niddregst Steieren hätt. 
 
Iwwerdeems d’Regierung géing soen, et misst een d’Finanzplaz ewéi eng Mëllechkou gutt fidderen, sot de lénken Deputéierten: "Eng Mëllechkou, déi net anstänneg gestrach gëtt, déi gëtt krank."
 
Caritas – Regierung ewéi "Pontius Pilatus"
 
De Marc Baum ass och onzefridden, ewéi d'Regierung an d'kathoulesch Kierch den Dossier Caritas behandelen. Hien hat dowéinst och de leschten Donneschdeg wärend der Poopstvisitt am Cercle Cité demonstrativ en T-Shirt un, op deem "Caritas" steet. De Premier Luc Frieden kéint sech net einfach aus der Verantwortung rieden.
 
"Wann de Luc Frieden seet, de Staat ass net d'Caritas an d'Regierung hätt mat näischt eppes ze dinn, da probéiert e grad esou wéi de Bëschof, d'Hänn an Onschold ze wäschen. Wéi de Pontius Pilatus. Et muss een awer soen: wie sinn déi Leit an deem Krisecomité dann? Dat sinn dach d'Granden aus ganz noe Frëndeskreesser vum Luc Frieden a Xavier Bettel. Dat si Leit aus noe Wirtschaftskreesser vun DP an CSV. Aus deem Krisecomité soll déi nei HUT entstoen. Dat, wat se maachen, hu se bei PWC geléiert. Se probéieren, Aarbechtsrecht ze hannergoen", esou de Marc Baum.
 
Op där Basis wier et schwéier, nei Konventiounen auszeschaffen. D'Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun elo dann HUT dierften net an engem Putsch op de Sozialstaat hannergaange ginn, esou de Marc Baum. Aner Responsabilitéiten an deem Dossier misst d'Justiz klären. De Marc Baum huet awer ze bedenke ginn, datt d'Banke senger Meenung no och eng Roll ze spillen hätten.

Invité vun der Redaktioun: Marc Baum

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.