E Mëttwoch de Moie war déi nei Entitéit "HUT" Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den CSV-Deputéierte Paul Galles war jorelaang fir Young Caritas bei der Fondatioun Caritas aktiv. Hien ass ee vun den zwee fréiere Mataarbechter, déi den neie Kontrakt bei “HUT - Hëllef um Terrain” net ënnerschriwwen hunn. Dat aus private Grënn, wéi de Paul Galles als Invité vun der Redaktioun erkläert huet.

Éischtens géing hien HUT net gutt genuch kennen. Hie wier bei d’Caritas gaange wéinst hire chrëschtleche Wäerter. Zweetens wéilt hie sech solidaresch weise mat deene fréiere Caritas-Mataarbechter, déi net iwwerholl ginn, notamment déi, déi op internationale Projete schaffen oder déi vum Plaidoyer politique. An drëttens wier einfach an der Kommunikatioun villes schif gaangen an doduerch wier och een immensen Drock entstanen. Et hätt ee just en Dag Zäit gehat, sech seng Decisioun duerch de Kapp goen ze loossen, kritiséiert de Paul Galles. Den CSV-Deputéierte mengt awer, dass den HUT-Verwaltungsrot keng béis Intentiounen hat, mä selwer ënner extremem Zäitdrock gehandelt hätt. Mee dofir hätt hien eben d’Decisioun geholl, net z’ënnerschreiwen.

“Ech si keen Held”

De Paul Galles weist, dass hien an enger privilegéierter Situatioun ass. “Also dat ass keng heldenhaft Tat, déi ech do gestallt hunn. Ech hunn einfach aus mengem Gewëssen eraus entscheet, well ech einfach duerch d'Indemnité politique ofgedeckt sinn." Aner Leit wieren an e finanziellt Lach gefall a wieren doduerch och forcéiert gewiescht, ze signéieren.

Wat d’Kontrakter ugeet, seet den Invité, dass hie wuel och nach déi eng oder aner Fro gehat hätt. Den OGBL hat kritiséiert, dass sech d’Aarbechtskonditioune ganz drastesch géinge verschlechteren. De President vum Verwaltungsrot hat allerdéngs um Dënschdeg relativéiert a sot, et géing näischt drastoen, wat net och scho virdrun an den Aarbechtsreglementer gestanen hätt. Alles an allem fënnt de Paul Galles et awer staark, dass d'Aarbecht vun iwwer 300 Leit konnt mat hire Paien an Anciennetéite gerett ginn.

D’Lëtzebuerger Kierch hätt d’Caritas missen retten

“Ech fannen dat schued. Ech fannen et schlëmm. Ech sinn enttäuscht”, seet de fréiere Paschtouer dovunner, dass d’Lëtzebuerger Kierch näischt ënnerholl huet, fir d’Caritas ze retten. Déi hätt misse proaktiv virgoen. Et géing eriwwerkommen, wéi wann d’Kierch d’Caritas an där do Form net méi gewollt hätt, sou de Paul Galles.
 
Iwwerhaapt réit hien dem Bistum, sech ze hannerfroen, besonnesch no de rezenten Aussoe vum Poopst, wat d'Roll vun der Fra an der Kierch ugeet. Frae misste senger Meenung no dierfe Paschtouer ginn. Wat hir Vuen op den Avortement ugeet, wier d’Kierch natierlech an hirer Roll, mee hie wier der Meenung, Fraen esou Decisiounen net géinge liichtfankeg huelen an dass d’Vue vun der Kierch do “relativ haart” ass.

Invité vun der Redaktioun (2. Oktober) - Paul Galles

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.