"Héritier ass eng Tâche, Grand-Duc ass eng aner"
En Dënschdeg de Moie war d'Lieutenance Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Theoretesch hu se déi selwecht Rechter, mä et gëtt nëmmen ee Grand-Duc an nëmmen ee Staatschef, dat huet den Hofmarschall Paul Dühr den Dënschdeg de Moien am RTL-Interview erkläert.
D’Aufgaben, déi de Lieutenant-Représentant wäert iwwerhuelen, wieren Akten ënnerschreiwen a manner grouss Visitten. Grouss Staatsakten zum Beispill géifen awer weider de Privileeg vum Grand-Duc bleiwen. Et géif och keng geheim Dokumenter ginn. Dat misst sech elo apendelen, wie wat iwwerhëlt.
Datt de System vu der Lieutenance an der Transitioun vereelzt wier, mengt de Maréchal net. Et kéint een dervun halen, wat ee wéilt. Mä et wär gutt, datt de Prënz Guillaume Zäit hätt, sech eranzeschaffen an eng gewëssen Zäit hätt, fir ze prouwen. Héritier wär eng Tâche, Grand-Duc wär eng aner. Am Ausland wier d’Monarchie nach ëmmer en Atout fir eist Land, net eng Belaaschtung, sou den Hofmarschall.
Hie selwer wëll d’nächst Joer als Hofmarschall ophalen. Virdru wäert en Nofollger annoncéiert ginn. Datt de Prënz Guillaume den Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc wëll austauschen, wär legitim a gutt, fir datt frësche Wand erakënnt.
Den Dënschdeg de Mëtteg ass e Staatsakt, wann de Prënz Guillaume fir d’éischt am Palais en Arrêté ënnerschreift an dono an der Chamber den Eed als Lieutenant-Représentant ofleet. Dono geet de Guillaume zesumme mam Premier a mam Chamberpresident eraus, fir de Public ze begréissen. Et hätt een dat Ganzt e "bësseli méi sober" wëllen halen, huet de Paul Dühr erkläert. De grousse feierleche Staatsakt wäert den Trounwiessel sinn. Wéini dee genee ass, ass net gewosst. Mä et soll just eng kuerz Iwwergangszäit ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.