En Donneschdeg de Moie war d'Aarbecht Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"D'Gewerkschafte schwächen, heescht och d'Salariéë schwächen", esou huet den LSAP-Deputéierte Georges Engel den Donneschdeg de Moien hei op RTL d’Aarbecht vu sengem Nofollger als Aarbechtsminister, de Georges Mischo vun der CSV, kommentéiert. Dee wëll nämlech net verspriechen, datt d’Gewerkschaften d’Exklusivitéit behalen, fir Kollektivverträg ze verhandelen.

Domadder géing eng éischt Dier opgemaach ginn, fir de Sozialmodell ze ëmgoen, jo esouguer vläicht “futti ze schloen”, esou de Georges Engel. E Sozialmodell, deen dem LSAP-Deputéierten no jorelaang gutt funktionéiert hätt an "eng gewësse Rou an eis Aarbechtswelt" bruecht hätt. Mam "CEO" Luc Frieden wier et "business first": et géing drëm goen, datt "de Rubel leeft". Salariéë wiere Mëttel zum Zweck.

Den Ex-Aarbechtsminister, de Georges Engel, dee géing dorunner festhalen, datt d’Gewerkschaften eleng Kollektivverträg verhandelen. Och wann d’Realitéit dem aktuellen Aarbechtsminister no déi ass, datt 56% vun de Personaldelegéierten net Member bei den national representative Gewerkschafte sinn. Wéi soll et da méi Kollektivverträg kënne ginn, wann d’Personaldelegéiert nun emol net all beim OGBL oder LCGB sinn? Nee, d’LSAP géing d’Personaldelegéiert net "zwéngen", sech gewerkschaftlech ze affiliéieren, esou de Georges Engel. Mee dem Sozialist no misst een ebe wëssen, datt d’Gewerkschaften "eng grouss Kompetenz", "Erfarung aus anere Firmen" a Juristen hätten. De Personaldelegéierte wier och ëmmer an engem Ofhängegkeetsverhältnis mam Patron an de Patron wier "ëmmer de Staarken".

Ob d’Gewerkschafte sech net misste selwer a Fro stellen, firwat 56% vun de Personaldelegéierte neutral sinn? De Georges Engel huet gemengt, et wier vläicht d’Geleeënheet gewiescht, fir d’Gewerkschaften ze stäerken. 
 
Den LSAP-Deputéierten huet och bedauert, datt säin Nofollger am Aarbechtsministère d’Kollektivverträg net stäerkt, andeems d’Sonndesstonne vun aktuelle 4 op 8 iwwert d’Kollektivverträg eropgesat géinge ginn, ewéi dat schonn an enger Rei Betriber oder Secteuren de Fall ass. Dat hätt iwweregens d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert e Mëttwoch an der Chamber-Aarbechtskommissioun gefrot, esou de Georges Engel. Hie gesäit an der Kommunikatioun vum Georges Mischo "grouss Lacunnen".

Invité vun der Redaktioun: Georges Engel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.