E Freideg war de Barreau Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Si hunn de Barreau markéiert an hiren Doud wäert sécherlech e Lach hannerloossen, dat sot den neie Bâtonnier, de Maître Albert Moro, e Freideg de Moien iwwert de Jim Penning an de Gaston Vogel, déi d'lescht Woch verscheet sinn. Allebéid hätte sech mat Leif a Séil fir Clienten agesat - mat verschiddene Stiler an déi zwee wiere méi wéi 60 Joer um Barreau gewiescht. Dat géif et an Zukunft wuel vill manner ginn. Den Albert Moro steet zanter Mëtt September fir déi nächst zwee Joer un der Spëtzt vum Barreau. Déi lescht zwee Joer war de Geschäftsaffekot schonn als Vizebâtonnier aktiv.

Ëmmer méi Affekoten an enger Noutlag

Zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Affekoten. Um Barreau sinn der den Ament 3.500 ageschriwwen - mä de Kuch géif net deementspriechend proportional méi grouss ginn. Et géif Affekoten, déi sou wéineg Dossieren hätten, datt se mol hir Scholden net zréckbezuele kënnen. Duerfir, seet de Maître Moro, hätte verschiddener wuel besser an d'Privatwirtschaft ze wiesselen.

De Barreau huet festgestallt, datt et ëmmer méi Affekoten zu Lëtzebuerg an enger Noutsituatioun gëtt. Finanziell an awer och psychologesch. Do wier de Covid deels dru schold. Affekote wiere vill Drock ausgesat. Vun den Etüden, de Clienten an och vun der Aarbecht viru Geriicht. Jonk Leit, déi an de Beruff kommen, hätten och aner Prioritéite wéi déi Generatioune virdrun. Si wieren net méi bereet, hir ganz Zäit an d'Etüd ze stiechen, géifen am Virstellungsgespréich no der Work-Life-Balance froen. Fréier hätt et vläicht och Abuse ginn, sou de Bâtonnier. Datt en Ëmdenke kënnt, wier normal. D’Etüde misste sech ëmstellen. Grad wéi beim Verdéngscht. Do géif et haut ëmmer manner Abusen. De Barreau huet viru ronn zwee Joer eng Circulaire rausginn, déi virgëtt, datt jonk Affekoten och am Stage net manner verdéngen dierfe wéi de qualifizéierte Mindestloun.

Der Regierung hir Dier steet op fir eis

De Barreau betount, et wier een ëmmer an enger gudder Relatioun zum Justizministère gewiescht. Dat wier mat der Justizministesch Elisabeth Margue an der CSV-DP-Regierung net anescht. Et kéint een iwwer all Theme schwätzen, och wann een net ëmmer enger Meenung wier. Mä der Regierung hir Dier géif opstoen. A jidderee géif nolauschteren a probéieren, eng Léisung am Interessi vun der Justiz ze fannen.

D'Beruffsgeheimnis vum Affekot gëtt och zu Lëtzebuerg ëmmer nees a Fro gestallt

Vun de Gesetzer hir ass de Secret professionnel vum Affekot zu Lëtzebuerg garantéiert, ma och hei am Land géif et ëmmer rëm an der Praxis virkommen, datt d'Beruffsgeheimnis riskéiert ënnergruewen ze ginn, seet den neie Bâtonnier, deen zanter dem hallwe September un der Spëtzt vum Ordre des avocats steet. D'Defense vum Beruffsgeheimnis ass eng al Fuerderung vum Barreau. Réckewand krut ee rezent duerch en Urteel vum 26. September vum Europäesche Geriichtshaff, deen an engem Fall, wou d'Steierverwaltung Informatiounen am Kontext vun enger juristescher Berodung gefrot hat, der Etüd Recht ginn huet, déi refuséiert hat, dës Informatiounen rauszeginn. De Barreau huet eng eege Gesetzpropositioun ausgeschafft, mat där ee senger Meenung no d'Beruffsgeheimnis och bei Perquisitiounen an Etüde garantéiere kéint. Den Text läit beim Justizministère an et hofft een, an den nächste Wochen do e konkrete Retour ze kréien.

Gafi: D'Strofe wéinst Geldwäsch sinn zu Lëtzebuerg net héich genuch an et gëtt der ze wéineg

De Lëtzebuerger Ordre des avocats betount, wéi vill Efforten ee gemaach hätt an der Lutte géint Geldwäsch. D'Affekote sinn e Beruffsstand, dee sech autoreguléiert, also sech selwer kontrolléiert. Am leschte Rapport annuel war nozeliesen, datt et am leschte Justizjoer 156 Disziplinarprozeduren am Kontext vun der Lutte géint Blanchiment gouf. Awer och nëmmen zwou Sanktiounen. Et misst een awer wëssen, datt do eng Partie Prozeduren nach net ofgeschloss si bis elo. De Groupe d’action financière, deen och Lëtzebuerg a reegelméissegen Ofstänn kontrolléiert, wéi seriö een et mat der Geldwäsch hëlt, huet de Grand-Duché wuel attestéiert, datt een d’Matière méi seriö hëlt. Kritik gouf et awer och nach rezent, well net genuch Strofe gesprach ginn a se net héich genuch wieren.
 
Dem Maître Moro no, investéiert de Barreau ganz vill Energie awer an d'Kontroll vun den Etuden an awer och an d'Formatioun. D'Strukturatiounen géifen ëmmer méi komplex ginn. Duerfir missten d'Affekoten sech ëmmer weider forméieren fir ze gesinn wat sech reell hannert de Konstrukter verstoppt.

2023-2024 goufen 68 Deklaratioune wéinst Blanchiment bei der zoustänneger Cellule de renseignement financier CRF um Parquet gemaach. Dat sinn der manner wéi et der an der Vergaangenheet gouf. Dem Maître Moro no géif een zu Lëtzebuerg am Verglach zum Ausland awer ganz héich leien. No der éischter Visitt vum Groupe d'action financière Gafi hätt een e Pic bei den Deklaratiounen. Haut wieren d'Deklaratiounen awer vu vill besserer Qualitéit. An 90-95% wier och effektiv eppes drun.

De Barreau huet viru 4 Joer iwwregens och eng Whistleblower-Plattform via eng Mailadress ageriicht. Déi gouf bis elo awer grad mol nëmmen dräi mol sollicitéiert

Invité vun der Redaktioun: Maître Albert Moro

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.