Ännerungen um Naturschutzgesetz wäerten net d'Logementskris léisen
En Dënschdeg war d'Ëmwelt Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Eng Ännerung um Naturschutzgesetz wäert net d’Logementskris léisen. Et ass ee Volet vu villen, sot en Dënschdeg de Moien den Ëmweltminister Serge Wilmes als eisen Invité vun der Redaktioun. De Mouvement Écologique hat kritiséiert, dass een de Naturschutz géing demontéieren fir méi Logement ze schafen. Dobäi hätt et an der Vergaangenheet net um Naturschutz geleeën, dass net méi gebaut gouf. Den Serge Wilmes erkläert, dass de Naturschutz natierlech net Schold wär un der Logementskris. An dass et donieft eng Panoplie vun anere Mesuren bräicht fir dass sech eppes deet.
Wat ännert sech mam Naturschutzgesetz punkto Bau?
Wann een Terrain am Bauperimeter läit, dann wier et haut dacks esou, dass d’Gemeng oder de Proprietär d’Natur déi dorop entsteet als Contrainte gesäit. Well wann een dann wéilt bauen, dann misst een fir d’éischt de Wäert dovunner aschätzen loossen, dann mussen Öko-Punkten bezuelt ginn an iwwer Land d’Natur kompenséiert ginn. An eréischt dann kéint een d’Natur um Bauterrain fort maachen fir ze bauen. An well dat als Contrainte ugesinn gëtt, géingen vill Leit einfach reegelméisseg hiren Terrain méinen loossen, fir dass näischt kann dorop entstoen.
Genee dofir hätt een den Prinzip “Natur op Zäit” agefouert. Dat heescht, do wou am Bauperimeter iwwer Joren Natur entsteet, muss net méi vum Eenzelen kompenséiert ginn. An Zukunft muss d’Allgemengheet, de Staat an d’Gemengen dofir suergen, dass et genuch Gréngs um Territoire vun der Gemeng gëtt.
Dass dee Prinzip “Natur op Zäit” soll réckwierkend gëllen, bis zu 15 Joer laang, gëtt staark kritiséiert. De Serge Wilmes verdeedegt dat. Et géing een einfach domat ewechkommen vum klenge mikroskopesche Bléck op just een Terrain an ufänken de ganzen Terrain vun enger Gemeng ze kucken. De Gesamt-Bléck wier wichteg fir d’Biodiversitéit ze stäerken. Dofir missten d’Gemengen an Zukunft och bei gréisseren Bauprojeten iwwer 20 Aach, 10 Prozent Gréngflächen integréieren.
Bam-Präbbeli vun minimum 20 Prozent
Donieft gëtt d’Konzept vum Bam-Präbbeli agefouert. Eng Gemeng muss an Zukunft e Minimum vun 20 Prozent Gehölz-Strukturen vun enger Héicht vun minimum 1,5 Meter hunn. D’Ëmweltschutzorganisatioun Mouv-Eco huet kritiséiert, dass net definéiert gouf, wat als Gehölz-Struktur gëllt. Eng al Eech hätt méi Sënn, wéi een exoteschen Zierstrauch.
“Mir hunn eng Lëscht schonn definéiert, mee déi gëtt iwwer Réglement grand-ducal duerno verëffentlecht. An do wäerten mer eis natierlech och konzentréieren op haaptsächlech eenheemeg Essenzen, Beem.”
Dat äntwert den Ëmweltminister Serge Wilmes.
De Mouvement Écologique kritiséiert och, dass et just 20 Prozent sinn. Vill Gemengen hätten zum Beispill schonn 40 Prozent a missten deemno keen Effort méi maachen. De Serge Wilmes seet, dass europäesch Texter 10 Prozent “couvert boisé” géinge virgesinn. Mat 20 Prozent wier een also schonn däitlech méi ambitiéis. Donieft wieren 32 Gemengen haut schonn tëscht 20 an 30 Prozent. 38 Gemengen stéingen tëscht 15 an 20 Prozent. De gefuerderte Minimum hätten also vill Gemengen schonn. An eigentlech géing een op 30 Prozent Bam-Präbbeli zilen. Dofir géing een weider Erliichterungen fir Gemengen virgesinn déi duerno bis op 25 oder souguer 30 Prozent kommen.
COP-29: USA sinn decisiv fir ambitiéis Accorden
D’COP-29 huet e Méindeg zu Baku am Aserbaidschan ugefaangen. Dass de Klima-skepteschen Donald Trump nächsten US-President gëtt an eventuell nees eng Kéier aus dem Paräisser Klima-Accord austrëtt, wier punkto Ëmweltschutz ze bedaueren. D'USA wieren nämlech decisiv, fir ambitiéis global Natur-a Klimaschutzaccorden, seet de Serge Wilmes. Allerdéngs géing Ëmweltschutz och an den USA an engagéierte Bundesstaaten a Betriber weider goen. Och ënnert engem Donald Trump, sou den Ëmweltminister.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.