E Mëttwoch de Moie war d'Roll vun de Gewerkschaften Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Et wäert e kämpferescht Joer ginn, mat vill Aarbecht an Erausfuerderungen." Dat sot d'OGBL-Presidentin Nora Back am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien.

Well ee probéiert hätt, mam Aarbechtsminister Georges Mischo ze schwätzen, mä dat net "gefrucht" hätt, hätt een elo e Rendez-vous beim Premier Luc Frieden gefrot. Et bräicht een nämlech kloer Aussoen an Dossiere wéi Kollektivvertragsverhandlungen, Ouvertureszäiten a Pensiounen. D’OGBL-Presidentin huet vun engem "Paradigmewiessel" geschwat, wat den Dialog mat der Regierung ugeet. Soss wär dat anescht - a méi zesummen - gelaf.

OGBL krut zejoert 10.000 nei Membere bäi

Och mam Patronat ass een am Sträit. Aussoe vu Patronatsvertrieder, d’Gewerkschafte wieren eng "Randerscheinung", wären eng absolut Frechheet, eng onnéideg Attack an net wouer. D’Gewerkschafte wäre méi staark ginn. 75 % vun de schaffende Leit wäre vun enger gewerkschaftlecher Delegatioun couvréiert. Den OGBL hätt zejoert och 10.000 nei Membere bäikritt, dat wär e Rekord.

"Wie wëll an der Nuecht eng Jeansbox kafe goen?"

D’Sonndesaarbecht am Commerce soll jo generell vu 4 op 8 Stonnen eropgoen, d’Ëffnungszäite gi liberaliséiert, an der Woch vu moies 5 bis owes 22 Auer, sonndes bis 19 Auer. Déi méi laang Ouvertureszäite wären eng Katastroph, kritiséiert d’Nora Back, eng Decisioun, déi een net géif verstoen. D’Salariéë wéilten owes oder sonndes net nach méi schaffen. Am Commerce schaffen eng 50.000 Leit. Dat si meeschtens weiblech Frontalieren, déi dacks elengerzéiend sinn. Fir si wär et enorm schwéier, sech z’organiséieren. D’Nora Back seet weider, datt de Changement bei den Ëffnungszäiten de Gewerkschaften no eng komplett Liberaliséierung wier. Et wär Quatsch ze soen, datt et e sauere Kompromëss wär. Dat wär eng Show vum Patronat. A wie wéilt schonn nuets eng Jeansbox kafen? D’Gewerkschaftspresidentin mengt net, datt d’Clienten dat wéilten a jiddereen hätt och just ee Portmonni.

Gréisser Gewerkschaftsaktioune si geplangt

Positiv um Sträit mat Regierung a Patronat wier, datt d'Gewerkschaften OGBL an LCGB ganz no beienee geréckelt wieren. Wann ee keng Kloerheet kréich, wier ee bereet bis zum Äussersten ze goen. Vu Streik a souguer vu Generalstreik geet riets. D’Gewerkschaften hätte schonn d’Gefill, datt d’Leit wéilte matmaachen a gréisser Aktioune méiglech wieren.

Pensiounsreform: Keng Verschlechterunge fir déi schaffend Leit

Eng méiglech Pensiounsreform ass jo fir d’Gewerkschaften och e waarmt Eisen. Och do wéilt ee Kloerheet, ënnersträicht d’OGBL-Presidentin. Et wéilt een eng seriö Debatt. Et wär een net géint eng Pensiounsreform, mä géint Verschlechterunge fir déi schaffend Leit. Wann et net méi géif duergoe mat de Reserven, bräicht ee méi Recetten. Eng Verschlechterung vun de Leeschtunge wär fir den OGBL e Rout Duch.

Invité vun der Redaktioun: Nora Back

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.