En Donneschdeg de Moie war d'"LGBTIQ+"-Sujeten an de Schoulen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Dass "LGBTIQ+"-Themen verstäerkt an de Schoule sollen thematiséiert sinn, wär natierlech e Succès! Dat sot den Tom Hecker alias Tatta Tom a President vu Rosa Lëtzebuerg am RTL Interview en Donneschdeg de Moien.
Hien ass souguer der Meenung, dass d’Diskussioun iwwer dee Sujet eréischt esou richteg lancéiert gouf, well den Tom Weidig vun der ADR esou rosen drop reagéiert hat, dass hien als Tatta Tom a Schoule virliest. Doropshi gouf et eng Petitioun géint "LGBTIQ+"-Themen an der Schoul an eng Géigepetitioun. D’Reaktioun vun der Regierung begréisst den Tom Hecker an deemno kéint een eventuell soen, dass den Tom Weidig sech en Eegegol geschoss hätt. 
 
Déi kritesch Petitioun an déi, déi méi Opklärung an de Schoule fuerdert, hate sech d’Gläichgewiicht bei der Zuel vun den Ënnerschrëfte gehalen gehat. Den Tom Hecker mengt net, dass dat representativ fir d’Meenung an eiser Gesellschaft wär. De Gros vun de Leit wär der "LGBTIQ+"-Communautéit positiv gesënnt.
 
Den Tom Hecker fënnt et gutt, dass den Educatiounsministère mat den verschiddenen Associatiounen a mat Experte wëll schwätzen. Eng éischt Reunioun war schonn e Mëttwoch. Hie selwer wär als President vu Rosa Lëtzebuerg bewosst net bei deene Gespréicher dobäi. Als Tatta Tom géif hien awer gär schwätzen, wann hie säin Avis géif gefrot ginn. 
 
D’"LGBTIQ+"-Sujeten missten awer net nëmmen an engem spezifeschen, mä an alle Fächer altersgerecht traitéiert ginn. Wichteg wär och, dass d'Schoulpersonal dat néidegt Fangerspëtzegefill dofir kritt. Dofir misst et Formatiounen ginn, un deenen all d’Enseignanten sollten Deel huelen. 
 
E Succès fir d’Communautéit zu Lëtzebuerg, ma wann een awer an d’Ausland a virun allem iwwer de grousse Pull géif kucken, da misst ee sech Suergen maachen, bedauert den Tom Hecker. Den US-President huet rezent Transleit an der Arméi verbueden an ordonéiert, dass et just nach zwee Geschlechter an den USA soll ginn.

Den Tom Hecker wëll awer optimistesch bleiwen an hoffen, dass aner Länner net op dee Wee ginn. Heiheem géif d’Communautéit awer u sech e grousse Réckhalt spieren.

Invité vun der Redaktioun (30. Januar) - Tom Hecker alias "Tatta Tom"

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.