E Méindeg de Moie war de Sozialdialog tëscht de Syndikater, dem Patronat an der Regierung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den neie Gehälteraccord an der Fonction Publique mécht d'Saach net méi einfach fir d'Privatwirtschaft. Dat sot den Direkter vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen Marc Wagener am RTL-Interview um Méindeg de Moien.

Elo géif de Gruef tëscht ëffentlechem a privatem Secteur nach méi grouss ginn. Hei wär nees mat der Strenz geschafft ginn. De Marc Wagener huet sech fir e Bewäertungssystem am ëffentlechen Déngscht ausgeschwat. Beamten, déi méi, respektiv besser schaffen ewéi anerer, sollte belount ginn.

Ze soen, d’Patronen am Privatsecteur kéinte jo och méi bezuelen, léisst hien net gëllen. Et wiere schwéier Zäite fir vill Entreprisen.
Produktivitéit a Rentabilitéit wiere schwaach, huet den Direkter vun der UEL erkläert. Si missten awer produzéieren, eppes erwirtschaften, fir kënne méi ze bezuelen.

D'Konkurrenz, fir Talenter ze rekrutéieren, wier ganz grouss. D'Lëtzebuerger géifen da meeschtens bei de Staat, auslännesch Residenten an d'Frontalieren an de Privatsecteur goen. Woubäi och ëmmer manner Pendler an de Grand-Duché kéimen, virun allem aus Däitschland an der Belsch.   
 
Och d'Kritik, dass de Sozialdialog net géif funktionéieren, wier falsch, seet den UEL-Direkter. A sëllege Betriber wier e gutt. D’Patronat wëll d’Gewerkschaften net marginaliséieren an och net ofschafen, seet de Marc Wagener. Allerdéngs géif et Elementer ginn, déi Delegéierter a Patronen an de Betriber missten diskutéiere kënnen.

An de sektorielle Kollektivverträg kéint e Kader gesat ginn. 
De Marc Wagener ass awer der Meenung, dass Detailer wéi Aarbechtszäiten zum Beispill awer tëscht Patronat a Salariéen diskutéiert sollte ginn, well d'Betriber ganz verschidde wieren, esou nach de Marc Wagener vun der UEL. 

Invité vun der Redaktioun: Marc Wagener

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.