Paie beim Staat vs Privatsecteur: Et gëtt ëmmer schlëmmer
En Donneschdeg de Moie war d'Liewensmëttelhandwierk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Confederatioun vum Liewensmëttelhandwierk zielt ronn 90 Memberen. Dozou gehéiere Metzleren, Bäckeren, Patissieren, Mëlleren an Traiteuren. Gréissten Defi vum Secteur ass, fir den néidegen Nowuess ze fannen. Et wier keen Interessi méi do fir d’Handwierk an dat, obwuel et ganz vill Debouchéë gëtt a vill verschidde Secteuren, an deenen ee ka schaffen, bedauert d'Anne Kaiffer. D'Presidentin vum Liewensmëttelfederatioun war en Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
D’Oploen, fir e Betrib z’iwwerhuelen, wieren extrem komplizéiert a géinge Jonker ofschrecken. Et misst een dann och wierklech vill investéieren, fir alles nei ze maachen a besonnesch kleng Betriber kréien dat net gestemmt. Mat all deene Contrainten, déi ee misst erfëllen, wier een dann ëmsou méi schockéiert, wann Nouvellë komme wéi virun e puer Wochen zu Esch, wou 300 Kilo Fleesch saiséiert goufen.
Beim Staat ginn et Paie, déi kee vun eise Membere ka bezuelen
De groussen Ënnerscheed tëscht Paien am Privatsecteur a beim Staat wier nach ëmmer e Problem gewiescht, mee "dat gëtt och ëmmer schlëmmer", seet d’Anne Kaiffer. Dat wier awer net just mat Bléck op den neie Gehälteraccord beim Staat, mee grad bei der Ausbildung am Handwierk wier et e Problem. Soubal d’Leit hiren DAP [diplôme d’aptitude professionnelle, ndlr.] ofgeschloss hätten, géinge se vläicht nach 1-2 Joer am Betrib schaffen, ier se bei eng Gemeng oder de Staat ginn,"well do natierlech Paie bezuelt ginn, déi kee vun eise Membere ka bezuelen". Et misst ee vläicht iwwerleeën, fir an dem Fall eng Zort Kompensatioun anzeféieren, déi muss bezuelt ginn, wann een no senger Ausbildung bannent den éischte 5 Joer bei de Staat wiesselt.
De Metzler sëtzt haut ze vill um Büro
D’Anne Kaiffer schafft zanter 2014 am Familljebetrib an der mëttlerweil 4. Generatioun. De Beruff vum Metzler hätt sech vill verännert. Mëttlerweil wier den Job manner physesch, well d'Béischten net méi ganz erakommen, mee am Véierel oder Hallef. Dat heescht et wier manner Découpage ze maachen. Dofir wier et awer duerch déi vill Oplon intellektuell méi komplizéiert ginn. De Metzler an de Bäcker wiere scho laang net méi just en Handwierker, mee een Administrateur, dee vill um Büro sëtzt. "Verschidde Saache ginn einfach ze vill wäit gedréckt. [...] Dass all eenzel Saach muss festgehale ginn,schrëftlech an dokumentéiert ginn", kritiséiert d’Invitée. Do misst een eng aner Formule fannen. Stéchwuert: simplification administrative.
Och d'Gewunnechte vun de Leit hätte sech vill verännert. D'Leit géife manner Fleesch iessen, dofir awer méi bewosst a se géinge méi op Qualitéit setzen. Donieft wier den Traiteur-Beräich natierlech exponentiell gewuess, well d’Leit méi schaffen a manner Zäit hu fir ze kachen.
Sonndesaarbecht a flexibel Ouvertureszäiten
D’Gesetzprojeten iwwer flexibel Ouvertureszäiten am Commerce an iwwer d’Sonndesaarbecht begréisst d’Geschäftsfra a Stater DP-Conseillère. Wann d’Demande vum Client do ass, géinge sech Aarbechtszäite verréckelen, mee et misst sech fir de Patron och ëmmer nach rechnen. Doduerch wäert awer elo kee Betrib 20 Stonnen den Dag op sinn, mengt d’Anne Kaiffer. Och de Projet iwwer d’Sonndesaarbecht begréisst d’Presidentin vun der Liewensmëttelfederatioun. Hiert Personal kéim vu méi wäit fort a wier frou - am Fall, wou se misste sonndes schaffe kommen, dann op d’mannst 8 Stonnen an net just 4 Stonne bezuelt ze kréien.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.