E Freideg de Moie war den internationalen Dag vum Bësch Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

E Freideg ass den internationalen Dag vum Bësch an dofir war de President vun der Fondatioun “Hëllef fir d’Natur” eisen Invité vun der Redaktioun. Am Grand-Duché ginn et ronn 90.000 Hektar Bësch, also ronn 33 Prozent vun der Fläch vum Land an d’Stierwe vun de Beem, geet leider monter weider, bedauert de Patrick Losch. Et wier einfach een Trend, deen acceleréiert gëtt duerch laang dréche Perioden oder extrem Netzt. An déi Beem, déi mir hunn, wieren un ee reegelméissege Ree mat gemässegten Temperaturen. Dofir misst een de Bësch vu Grond op erneiere mat jonke Beem an och aneren Aarten.
 
Lëtzebuerger Bësch: 1/3 Nolebeem 2/3 Lafbeem 

De Lëtzebuerger Bësch besteet zu engem Drëttel aus Nolebeem. Virop aus Fiichten, déi eigentlech éischter aus kale Géigende kommen an déi aus reng wirtschaftleche Grënn an d’Land geholl goufen. Genee déi fuere beim aktuelle Wieder ewech an op déi kéint een net méi bauen. Déi fënnt ee virop am Éislek. Wann d’Nolebeem d'Dréchent erlieft, gi se dacks befall vun engem Parasit wéi dem Borkekäfer an da stierft de Bam bannent 6 Wochen.
 
Déi aner zwee Drëttel vun eisem Bësch si Lafbeem. Déi grouss Lafholzbëscher fënnt ee virop am Guttland. Dës Beem hätten d’Gewunnecht, hiren Kierper Stéck fir Stéck opzeginn, wa se Dréchent ausgesat sinn. Dat wier aktuell extrem geféierlech, well d’Lafholz da fir d’éischt d’Kroun ofstierwe léisst an da ganz vill doudeg Äscht vun uewen eroffalen. 
 
Mir kënnen net de ganze Bësch "zou gatteren"

Et misst also vill nei ugeplanzt gi mat ganz ënnerschiddlechen Zorte wéinst der Biodiversitéit. Wat ee méi ënnerschiddlech Beem huet, wat d’Probabilitéit méi grouss wier, dass een och eng Bamaart drënner huet, déi gutt mat der Dréchent eens gëtt. Ouni Schutz géing dat allerdéngs net goen, well d’Wëld déi jonk Planzen – grad vun den Eechen – immens gär frësst. Dat wier fir si wéi Schockela. Beim Lafholz géif et dann den zousätzleche Problem, dass d’Bam-Stierwen net flächendeckend ass. Et wieren hei e puer Beem an do e puer Beem. Mä et kéint een natierlech dann och net de ganze Bësch zou gatteren, fir dës virun de Réi ze schützen. Dofir fuerdert de Patrick Losch ganz däitlech eng Reform vun der Juegd. 
 
All Juegd-Revéier brauch e Mooss-Instrument fir d'Bësch-Verjéngerung

D’Ofschoss-Zuele vun de Réi hätte sech an de leschte Joerzéngten net ganz vill geännert, mä hie wéilt keng Diskussioun iwwer Ofschoss-Zuelen ufänken, erkläert den Invité. Et géing duergoen, fir festzestellen, dass ee kee klengen Eechebam grouss gezillt kéint kréien am Bësch, ouni eng grouss Barrikad ronderëm. Dofir misst d’Juegd e kloert Zil gesat kréien, nämlech dass de Bësch sech ka verjéngeren. Dofir bräicht ee keng Zuele vun den Déieren am Bësch, mä ee Mooss-Instrument (wéi “Weisergatter” oder “Transecten”) fir festzestellen, ob d’Eech sech kann erneieren oder net. An all Juegdrevéier bräicht et dann esou een Instrument. Sou laang déi gewënscht Bamaarten net opkommen, wier dann einfach ze vill Wëld do, erkläert de Patrick Losch.

Vun der Säit vun de Jeeër gëtt et vill Retizenz. Déi eng géifen et wuel verstoen, mä fir vill anerer wier et d’Impressioun, wéi wa si duerno och nach fir de Schued am Bësch missten opkommen. Et wier awer problematesch, wann net all Mënsch matmécht, well sech de Problem dann einfach op d’Nopeschrevéier verlagert. D’Bewosstsi fir d’Naturverjéngung wier nach net richteg do. Déi Problematik mat de Fiichten a Buche wier jo och relativ nei, sou de Patrick Losch.

Invité vun der Redaktioun Patrick Losch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.