Manner Investissementer féieren nees zu Retarden
E Freideg de Moie waren d'Staatsfinanzen, d'Defense an de Logement Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den Zentralstaat huet d’lescht Joer just 99 Milliounen Euro Defizit gemaach an trotzdeem sot de Finanzminister, et misst ee virsiichteg bleiwen. D’OGBL-Presidentin par Konter sot, et misst ee méi verdeelen. "Fir eis ass et e Melange aus deenen zwou Positiounen", esou d’gréng Deputéiert Sam Tanson e Freideg de Moien hei op RTL.
Si huet eng Rei Mesurë vun der Regierung, dorënner sozial Hëllef a gewëss Steiererliichterunge begréisst. Dës géingen awer net duergoen. An d’CSV an d’DP hätten awer eng "ondifferenzéiert" Approche gehat a mat der Géisskan Sue verdeelt. Dobäi hätt ee scho virun de Wale gewosst, datt een an engem "komplizéierten Ëmfeld" wier.
Eng grouss Suerg fir déi Gréng wier elo, datt wa méi Suen an d’Defense investéiert ginn, dat op Käschte vun Investissementer geet. D’Sam Tanson huet festgestallt, datt d’Regierung op deem Niveau scho "stagnéiert" a si fäert, datt nees e Retard bei den Infrastrukturen entsteet. Fir méi Ausgaben ze finanzéieren a méi sozial Gerechtegkeet ze schafen, schwätzt sech d’Sam Tanson fir Steieren op Kapital aus.
Paquet Logement, net 100 Prozent dogéint
D’Sam Tanson sot dann och, déi Gréng wieren net zu 100 Prozent géint d’Mesuren aus dem Paquet Logement. Si ënnerstëtzen zum Beispill d’Hausse a Bäibehale vum Bëllegen Akt. D’steierlech Virdeeler fir den Invest dogéint, déi d’CSV, DP, ADR a Piraten eng leschte Kéier bis Enn Juni verlängert hunn, do bleiwen déi Gréng bei hirer Kritik, datt déi Mesuren d’Präisser géingen an d’Luucht dreiwen. Dat geséich ee bei de Präisser fir Projeten um Plang (Vefa), déi also nach net gebaut sinn: hei wieren d’Präisser hallef esouvill gefall, ewéi bei bestoende Wunnengen.
Begréisst huet d’Sam Tanson awer d’Aussoe vum Finanzminister Gilles Roth a vum Logementsminister Claude Meisch, déi d’Promoteuren opgeruff hunn, hir Verantwortung ze huelen.
Déi Gréng bleiwen der Meenung, datt de Staat eng méi grouss Roll misst spillen. An d’Sam Tanson huet och nach emol Drock gemaach, fir datt d’Regierung, zwee Joer nom Avis vum Staatsrot, endlech d’Amendementer zur Reform vun der Grondsteier an zur Mobiliséierungstax presentéiert.
Trump-Politik "katastrophal" fir d’Ëmwelt an deier fir d’Leit
Wat d’Douanestaxe vun der US Regierung ugeet, wäerten déi besonnesch d’Mëttelschicht an déi Aarm treffen, esou d’Sam Tanson. D’Politik vum US-President Trump wier net just deier fir d’Leit, mee och "katastrophal" fir d’Ëmwelt. Fir d'previsibel Präisdeierecht duerch seng Tariffer ze kompenséieren, géing den Trump nämlech gär de Pëtrol an de Gas méi fërderen.
D’Sam Tanson mengt, et gëtt sécherlech Ongerechtegkeeten am internationalen Handel, mee et gëtt keen onfairt Traitement géint d’USA. A wann, da misst ee verhandelen. Déi gréng Deputéiert sot déi europäesch Standarden, dorënner déi fir d’Ëmwelt, hätten en Impakt op d’Importer, mee déi Standarden dierf een net opginn.
Huet den Trump dann net d'Recht mat der Fauscht op den Dësch ze schloen, fir datt endlech eppes geschitt? D’Sam Tanson ass der Meenung, datt et dem Trump net ëm fairen Handel geet. Et géing him drëms goen, fir d'Staatskeesen ze fëllen, fir nees d’Steiere fir déi ganz Räich erofzesetzen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.