E Méindeg de Moie war d'Politik vun der DP Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

E Méindeg de Moie war déi nei DP-Parteipresidentin eis Invitée vun der Redaktioun. D’Carole Hartmann ass e Sonndeg um DP-Kongress mat ronn 96 Prozent vun de Stëmme gewielt ginn an iwwerhëlt domat d’Successioun vum Lex Delles.

Mir hunn als DP ëmmer gesot, datt jiddereen zu Lëtzebuerg soll d'Chance hunn, d'sozial Leeder erop ze klammen an dowéinst gëtt elo en éischten nationalen Aarmutsplang opgestallt, erkläert déi nei Presidentin. Dëse géif iwwer sozial Mesurë bis hin zum Logement goen. Abordabele Wunnraum wier eng vun de gréissten Erausfuerderungen am Land. An do ass d’Mobiliséierungstax op eidele Wunnengen an Terrainen eng vun de Pisten, déi d’Regierung am Koalitiounsprogramm envisagéiert. Donieft bräicht et vill Investissementer an de Logement. Punkto sozial Mesuren hätt d'DP scho Verschiddenes ëmgesat, wéi zum Beispill d'Allocation de vie chère an eng Subvention Loyer, mee d'Schwieregkeet wier, dass déi Mesuren net ëmmer bei de Leit ukommen. Doru misst ee schaffen.

Dräi Vizepresidentinnen: "Ech sinn een Teammënsch"

Nieft dem Carole Hartmann huet d’Partei sech e Sonndeg dräi Vizepresidentinne ginn. D’Ministesch Yuriko Backes, d’Deputéiert Corinne Cahen an d'Amela Skenderovic. Firwat brauch et der dräi? D’Carole Hartmann seet, si wier e Sportler an een Teammënsch an dofir frou, fir dräi staark Fraen un hirer Säit ze hunn. D'DP hätt eng Traditioun fir staark Fraen an hire Reien ze hunn, mee och staark Männer. Et bräicht an hiren Aen och keng Fraequot. Et soll een einfach d’Frae genee wéi d’Männer encouragéieren, fir sech z’engagéieren an dofir ass d’DP als Partei net vun enger Fraequot iwwerzeegt.

Mat der DP ginn et gesellschaftspolitesch Reformen

D'DP feiert och de 70. Anniversaire vun hirer Grënnung. D’DP wier eng Partei vun der Mëtt a stéing fir eng modern Gesellschaft. Ënnert engem Gaston Thorn wier zum Beispill d'Doudesstrof ofgeschaaft ginn an ënnert dem Xavier Bettel hätt een d'Trennung vu Kierch a Staat duerchgesat. Donieft géing d’DP gesellschaftspolitesch Reformen virundreiwen, notamment d’Adoptioun. Ënnert dem Carole Hartmann soll dofir notamment iwwer d’Geforen vun de soziale Medien diskutéiert ginn. Et misst een d’Kanner an Zäite vun Desinformatioun a Verbreedung vun Onwourechte schützen. Si hätt een Aarbechtsgrupp iwwer de Sujet lancéiert.

Steierreform a Pensiounsreform

Steiergerechtegkeet war och e Sujet um DP-Kongress. D’Carole Hartmann wier frou, dass d’Individualiséierung vun de Steiere mat an de Koalitiounsaccord komm ass. Et bräicht e System, dee jiddereen d’selwecht behandelt. D'DP stéing och fir all d'Generatiounen. An deem Geescht misst och d'Pensiounsreform duerchgesat ginn.

Déi Jonk vun der JDL hunn e Sonndeg konkret Mesurë vun der CSV-Sozialministesch Martine Deprez gefuerdert. Och fir déi nei Parteipresidentin wier an dem Kontext d’Generatiounsgerechtegkeet ganz wichteg.

Invité vun der Redaktioun: Carole Hartmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.