En Méindeg de Moie war d'sexuell an affektiv Gesondheet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

E Méindeg fänkt d'Woch vun der affektiver a sexueller Gesondheet un an dauert nach bis den 23. Mee. Zil ass et, déi verschidden Theemen a Servicer ze promouvéieren, an déi Professionell aus dem Sozio-Educativen-, dem Psycho-Sozialen- an dem Santé-Secteur zesummenzebréngen.

Dofir sinn och ganz vill verschidde Manifestatioune geplangt, sot d'Christa Brömmel e Méindeg de Moien. D'Coordinatrice vum CESAS, dem nationalen Zenter fir affektiv a sexuell Gesondheet, war eis Invitée vun der Redaktioun an huet ënnerstrach, dass jiddereen d'Recht op sexuell Selbstbestëmmung huet. Dowéinst wier et och wichteg, datt "LGBTIQ+"-Sujeten an der Schoul altersgerecht thematiséiert ginn.

Queer Sujeten an der Schoul si legitim

D’lescht Joer haten d'Liesunge vun der Drag-Queen Tata Tom fir Opreegung gesuergt a waren hefteg vun der ADR kritiséiert ginn. Wann een déi Interventioun vun der Tata Tom interpretéiert als eng verkleet Persoun, déi de Kanner zum Thema Diversitéit an eiser Gesellschaft eng Geschicht virliest, da wier dat an hiren Ae ganz legitim, erkläert d’Christa Brömmel. Si fënnt et richteg, dass queer Themen hir Plaz an der Schoul hunn. Dat géif natierlech och altersgerecht geschéien. Dass et do Ängschte ginn, wier ze verstoen. Mee d’Angscht virun eventuellen Auswierkungen op d’Kanner wier dacks op Onwëssenheet zeréckzeféieren.

Wat een ëmmer nees ënnersträiche misst, wier dass déi ganz Thematik op sexuelle Rechter baséiert, déi jiddereen huet. D’Recht op Entfalung, op sexuell Selbstbestëmmung, d’Recht op seng eege sexuell Orientéierung. An dat géing virun allem iwwer Bildung geschéien an dofir gehéieren déi Sujeten altersgerecht an de Schoulberäich. “An ech sinn och ganz frou, datt den Educatiounsminister dat am Kader vun dem Debat an der Chamber nach eng Kéier confirméiert huet”, sou d’Christa Brömmel.

Vill verschidden Eventer: Body Positivity, Pornographie, Online-Medien

An der aktueller Themewoch ginn et nieft Evenementer, déi sech speziell u Professioneller an der Jugendaarbecht an edukatiivt Personal riichten, och Veranstaltungen, déi méi de Grand-Public viséieren. Zum Beispill een Event fir Body Positivity ze promouvéieren. Dat engersäits fir jonk Fraen an anerersäits fir eeler Dammen. Donieft ginn et och Evenementer, wou d’Online-Medien an d’Pornographie thematiséiert ginn.

Wéi et ëm déi sexuell an affektiv Gesondheet bei de Jonke bestallt ass, doriwwer kéint ee keng konkret Aussoe maachen, well et un Zuele feelt. Et geséich een awer zum Beispill, dass d’Infektiounszuele vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten nees géingen an d’Luucht goen.

Den Internet ass am Beräich vun affektiver a sexueller Gesondheet iwwerdeems "Fluch a Seegen an engems", sou d’Coordinatrice vum CESAS. Engersäits eng Informatiounsquell, anerersäits géif et och ëmmer nees Fäll gi vu Mobbing a sexuellen Iwwergrëff iwwert d’sozial Medien. Och do hëlleft: informéieren, sensibiliséieren, an encadréieren, sou d’Invitée.

Fir de komplette Programm vun der Woch kuckt op cesas.lu. Um CESAS-Internetsäit fënnt een och déi divers Servicer an Organisatiounen aus dem Beräich vun der affektiver a sexueller Gesondheet.

Invité vun der Redaktioun: Christa Brömmel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.