En Dënschdeg de Moie war de Klimawandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Lëtzebuerger si gutt informéiert iwwer d'Ursaachen an d’Konsequenze vum Klimawandel. Wat ee selwer dogéint ka maachen, do ginn et awer nach Lacunnen. Dat seet d'Dr Claudia Hitaj vum Ëmweltministère an aus dem Sekretariat  vum Lëtzebuerger Klima-Observatoire OPC. Si war en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

D’lescht Woch goufen d’Resultater aus enger Ëmfro publizéiert, déi leschten Hierscht vum OPC zesumme mam LISER duerchgefouert gouf. 89 Prozent vun de Bierger hei am Land hale Klima- an Ëmwelttheme fir wichteg an 83 Prozent denken och, dass de Klimawandel muss gestoppt ginn.
 
Nohalteg jo, mee et dierf net méi kaschten

63 Prozent wënsche sech och, dass d’Lëtzebuerger Regierung méi dogéint ënnerhëlt, allerdéngs fuerderen och 60 Prozent vun de Leit, dass déi Mesurë si näischt kaschten däerfen. Dat wier net zwéngend e Widdersproch, gëtt d’Wëssenschaftlerin ze bedenken. 72 Prozent vun de Leit wieren nämlech gewëllt eppes fir de Klimaschutz ze maachen, mee net all Mënsch hätt déi finanziell Moyenen dofir. Do geséich den OPC ganz däitlech d’Regierung an der Verantwortung, fir d’Konditiounen esou ze schafen, dass déi nohalteg Optioun och déi einfach Optioun ass.

An der Ëmfro geet och ervir, dass d’Leit erwaarden, dass duerch Klimaschutzmesuren déi sozial Ongläichheeten tëscht de Stéit nach weider wäerte klammen. Do setzt den OPC op de Klimasozialplang, dee jo aktuell ausgeschafft gëtt. Et wier wichteg, dass et fir all Mënsch accessibel wier dat richtegt ze maachen an net just fir Leit mat Suen.
 
Effikassitéit vu Klimaschutz-Mesurë gëtt dacks falsch ageschat 

An der Ëmfro goufen d’Leit gefrot, wéi si d’Wierksamkeet vu verschiddene Mesuren aschätzen. Do goufen der vill richteg ageschat, mee aner Mesurë goufen iwwer- voir ënnerschat. Recycling a regional akafen, goufen dacks als méi effikass ageschat wéi se wierklech sinn. An aner Mesurë wéi zum Beispill vun engem Bensinner-Auto op een Elektro ëmzeklammen oder eng vegetaresch Ernärung goufen ënnerschat.

Den OPC wëll awer do nuancéieren. Si hätte jo ausschliisslech d’Mesuren op hire Klima-Impakt gepréift. Recycelen, regional a bio akafen, wieren dogéint immens wichteg fir d’Biodiversitéit an d’Ressourcë-Schounung. D’Claudia Hitaj präziséiert donieft, dass et richteg effikass wier, wann ee vum Auto op den ëffentlechen Transport oder op den Elektro-Auto ëmklëmmt. Donieft wier et och ganz effikass, d’Haus ze isoléieren. 
 
Jonker fille sech net gutt op d’Konsequenze vum Klimawandel virbereet

An der Ëmfro goufen engersäits Erwuessener an anersäits Jugendlecher tëscht 15 an 21 Joer consultéiert. Doraus geet ervir, dass déi jonk Leit zwar gutt Bescheed wëssen, wat Klimawandel ass a wéi een dat erkläre kann. Allerdéngs gi just d’Hallschent vun de Jonken un, dass se sech gutt genuch virbereet fillen op d’Konsequenze vum Klimawandel.

D’Schoul lant op Plaz 2 a punkto Informatiounsquell (51 Prozent). Op éischter Plaz kommen déi sozial Medien (67 Prozent). Wann et ëm d’Schoul geet, da sinn et virop d’Proffen, déi e groussen Impakt hunn, och dat geet ganz däitlech aus der Ëmfro ervir. Si wieren déijéineg, déi d’Klima-Aktivitéite géinge leeden.

Invité vun der Redaktioun: Dokter Claudia Hitaj

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.