Affär Gerson Rodrigues: Zielt Talent méi wéi Gewalt?
E Mëttwoch de Moie war d'Affär Gerson Rodrigues Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Zielt Talent méi wéi Gewalt a wäscht Erfolleg einfach d'Schold ewech?" Dat freet sech d'Ana Pinto iwwer d'Nominatioun vum Gerson Rodrigues an den Nationalkader. D'Presidentin vun der Associatioun "La Voix des Survivant(e)s" war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Si géingen net fuerderen, dass hien ni méi Fussball spille soll, mee am Nationaltrikot hätt een eng Verantwortung an där géing hien net gerecht ginn, kritiséiert d'Invitée. Schliisslech hätt hien net just seng Ex-Frëndin geschloen, mee och zwou aner Persounen an hie wier dofir zu 18 Méint Prisong mat Sursis verurteelt ginn. "Dat ass net näischt". Donieft géing de Gerson Rodrigues elo och nach versichen, sech als Affer duerzestellen. Hie géing null Asiicht weisen an hätt sech bis haut och ni entschëllegt. Au contraire géing elo versicht ginn, fir d’Affer och nach als Schëlleg duerzestellen. An engem Post en Dënschdeg virum Lännermatch sot de Gerson Rodrigues, seng Ex-Frëndin hätt psychologesch Problemer gehat an hätt hien och geschloen. Dat wier typescht Täter-Verhalen. "Hatt huet mech provozéiert, wann hatt mech net provozéiert hätt, wier näischt geschitt", erkläert d'Ana Pinto.
D'FLF hätt sech zwar entschëllegt, mee dat wier hallefhäerzeg gewiescht, fir d'Gemidder ze berouegen an dat géing net duergoen. Et wier eng grouss Polemik entstanen, d'Politik hätt sech agemëscht an et wier generell sou e grousse Protest gewiescht, dass se kee Choix haten, fënnt d'Invitée.
"Mir waren alleguer schockéiert, dass esou een eng Plattform kritt"
Dass sech Täter gär als Affer gesinn an duerstellen, konnt ee rezent an engem Artikel am Wort liesen. Dass do e Pedo-Kriminellen d'Wuert krut, kéint een absolutt net verstoen, kritiséiert d'Aktivistin. "Mir waren alleguer schockéiert, dass esou een eng Plattform kritt". Dat eenzegt Positiivt doru wier, dass een alt nees géing gesinn, dass den Täter null Asiicht huet. De Pedo-Kriminellen huet an deem Interview gesot, dass hien den Acharnement géint hien net géing verstoen, schliisslech wier dat jo just privat doheem geschitt. "Dat heescht, wann ee säin eegent Kand mëssbraucht, ass dat ok?" Fir esou ee Mënsch, géing et kee Recht méi ginn, sech dierfen ze rechtfäerdegen, kritiséiert d'Ana Pinto.
Wat si och nach richteg schockéiert hätt, wier, dass an dësem Fall vu Pedo-Kriminalitéit, den Täter an d'Affer, also de Papp an d'Duechter, bis viru kuerzem (oder vläicht och aktuell nach) ënnert engem Daach gewunnt hunn. Als Afferschutz-Associatioun kéint een net verstoen, dass ee SCAS [de Service central d’assistance sociale, ndlr.], deen do ass fir d'Affer ze protegéieren, einfach seet, dass déi Faiten net schlëmm genuch sinn, fir d'Kand direkt ze protegéieren. Och rezent Aussoe vum Procureur adjoint David Lentz hätte si richteg schockéiert. Deen hätt gesot, dass d'Kand duerch e Placement géing re-traumatiséiert ginn. Et géing sech d'Fro stellen, wat besser wier: e Kand doheem bei engem Pedo-Kriminellen ze loossen oder et ze placéieren? Hautdesdaags géingen d'Kanner sou séier placéiert ginn an an dësem Fall net. "Wat ass do d'Logik?", freet d'Invitée. Donieft hätt jo och d'Méiglechkeet bestanen, fir den Täter an Détention provisoire ze setzen, fir d'Affer ze schützen.
Fuerderunge vun der Afferschutz-Organisatioun
D'Associatioun "La Voix des Survivant(e)s" ass fir den 2. Juli an d'Chamber invitéiert. Do geet et ëm 57 Amendementer, déi d'Associatioun um Gesetz proposéiert. Virop mussen d'Kanner direkt geschützt ginn, wann een Doute do ass. Do dierf een net ewechkucken, erkläert d'Ana Pinto. Grad punkto SCAS misst ee sech och froen, ob d'Leit do gutt genuch geschützt ginn. Donieft bräicht et onbedéngt een Tribunal spécialisé, well et wier net normal, dass et 6 Joer dauert, bis et iwwerhaapt mol bis op d'Geriicht geet. Do misst méi séier reagéiert ginn an dofir bräicht et dann och den néidege Budget. E Kand, dat haut mëssbraucht a geschloe gëtt, wier d'Victime vu muer. An do misst een einfach eemol ausrechnen, wat dat kascht, sou d’Invitée.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.