Memberszuelen an Digitaliséierung sinn déi gréissten Defien
En Dënschdeg de Moie war d'ULC Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Memberszuelen an d'Digitalisatioun sinn haut déi zwou gréissten Erausfuerderunge fir de Lëtzebuerger Konsumenteschutz, dat sot den neie President vun der ULC, de Paul Gries. Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. D'Covid-Pandemie hätt eis Gesellschaft komplett geännert an dat hätt Repercussiounen op d'Aart a Weis, wéi ee géing fonctionéieren. Stéchwuert: Digitaliséierung. De Konsumenteschutz hätt vill eeler Memberen, déi net esou gutt géifen eens ginn an der digitaler Welt. Déi Jonk géifen dogéint éischter am Internet a mat KI, ewéi bei der ULC, no Hëllef sichen. Och dowéinst wier d'Zuel vun de Membere vum Konsumenteschutz an de leschte Jore vun iwwer 43.000 op elo 40.300 Memberen erofgaangen. Mee am Endeffekt géing sech dacks erausstellen, dass se dann awer bei d'ULC kommen. "Mir hunn d'Experten do sëtzen, d'Fachleit, déi kënne beroden", erkläert den Invité.
Memberzuelen bei der ULC si réckleefeg
De jéngste Member vun der ULC huet 19 Joer, den Eelste wäit iwwer 100.
- <30 Joer: 1 Prozent
- 30-50 Joer: 30 Prozent
- 50-70 Joer: 44 Prozent
- >70: 25 Prozent
Domadder ass d'ULC schonn éischter bei der eelerer Generatioun vertruede wéi bei där Jonker. Dat wier och e gesellschaftleche Phänomen, deem ee wéilt entgéintwierken. Ënnert anerem mat méi Publicitéit. D'lescht Woch hätt een zum Beispill eng Publicitéit am Tram lafe gehat, wou ee jo Leit vu bis uschwätzt. Haut ginn et ganz vill verschidden Arnaquen, mat deenen d'Leit konfrontéiert sinn an dacks wieren et och net ganz héich Zommen. Wann d'Leit da bäilafen, géinge se sech net forcement mellen, well se sech schummen. Dowéinst geet ee vun enger wäit aus méi héijer Donkelziffer aus, erkläert de Paul Gries. Der ULC ass et wichteg, preventiv ze schaffen an d'Leit ze erreechen, iert e Litige kënnt.
Intern Etüde vun 2020
2020 goufen zwou intern Etüde gemaach. Do wier vill mam Personal geschwat ginn an d'Konklusioun, déi zesumme mam Ministère deemools geholl gouf, war, dass een éischtens méi visibel misst no bausse ginn. Do hätt een och en neie Fichier membre kreéiert. Donieft wier erauskomm, dass ee besser misst nolauschteren. D'Kommunikatioun wier wichteg: informéieren, guidéieren a protegéieren.
Paul Gries vs Paulette Lenert
De Paul Gries gouf d'lescht Woch op der Generalversammlung vun der ULC als President gewielt a konnt sech domat géint d'Ex-Ministesch fir de Konsumenteschutz Paulette Lenert duerchsetzen. Dat wier eng Decisioun vum Verwaltungsrot gewiescht, erkläert de Paul Gries. D'ULC ass politesch neutral. Wann een d'LSAP-Deputéiert Paulette Lenert gewielt hätt, kéint dat grenzwäerteg sinn, spekuléiert den neie President op Nofro.
Protest OGBL/LCGB
Den 28. Juni hunn den LCGB an den OGBL zu enger gemeinsamer Protest-Aktioun opgeruff. De Konsumenteschutz wier politesch neutral a géif dowéinst net mat eegene Fändelen dohinner goen, mee et géing een d'Manifestatioun awer ënnerstëtzen. Et hätt sech gewënscht, dass et ee gemeinsamem Protest-Piquet vun alle Gewerkschafte ginn hätt. D'CGFP huet jo zesumme mat der FGFC a mat der Syprolux zu enger eegener, separater Aktioun opgeruff. Dat 3 Deeg virdrun, de 25 Juni, virun der Chamber.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.