En Dënschdeg de Moie waren d'Liwwerketten an d'Omnibus-Direktiv Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Omnibus-Direktiv vun der EU wier extrem problematesch, well se alles an d'Viséier géing huelen, wat mat Nohaltegkeet a mat Mënscherechter ze dinn huet a verwässert wier. Dat sot de Jean-Louis Zeien en Dënschdeg. De Coordinateur vun der Initiative pour un devoir de vigilance war eisen Invité vun der Redaktioun.

Beim Liwwerkette-Gesetz geet et zum Beispill drëm, dass Entreprisen hir Responsabilitéit iwwerhuelen an och Rechenschaft ofginn. De Prinzip wier einfach: Profitter dierfen net op Käschte vu Mënscherechter, Ëmwelt a Klima gemaach ginn. An d'Betriber mussen dofir suergen, dass et net zu Mënscherechtsverletzungen an hire Liwwerkette kënnt. Elo wier grad dëst Gesetz och Deel vun der Omnibus-Direktiv an dofir géingen Ekonomisten, Juristen, Experte vun de Vereenten Natiounen, d'Europäesch Zentralbank a vill anerer aktuell warnen, dass dat do de falsche Wee wier.

Vun der EU-Kommissioun heescht et, mat der Omnibus-Direktiv wéilt een onnéideg Bürokratie ofbauen an nees méi kompetitiv ginn. Natierlech wier Iwwerreguléierung eng Gefor, gëtt de Jean-Louis Zeien zou. An dofir bräicht et kloer eng Simplificatioun an natierlech misst een no der Wettbewerbsfäegkeet kucken an administrativ Hürden ofbauen, mee dofir géing ee jo notamment vun Digitaliséierung schwätzen. "Awer et gi rout Linnen", sou den Invité.

Wie profitéiert vun der Omnibus-Direktiv ?

D'EU-Kommissioun hätt dës Direktiv op Drock vu grousse multinationalen Entreprisen a businessorientéierte Regierunge gemaach a wier dobäi ontransparent an ondemokratesch virgaangen. Et wier hannert zouenen Diere verhandelt ginn an ouni ëffentlech Consultatioun. Dowéinst léich och eng Plainte géint d'EU-Kommissioun vum europäeschen Ombudsman um Dësch. Dat wieren déi nämmlecht Entreprisen, déi an de leschte Jore Milliounen un Dividenden un hir Aktionären ausbezuelt hunn an déi géingen elo jéimeren, si wieren net kompetitiv:

"Amplaz an Innovatioun, amplaz a Fuerschung, a Recherche investéiert ze hunn, hu se Milliounebeträg ausbezuelt. An dat Geld feelt natierlech, wann een hätt missen innovéieren an investéieren."

Natierlech wieren déi aktuell Zäiten net einfach an et bräicht ee resilient Liwwerketten, déi net beim éischte Schock zesummebriechen, wéi een dat bei der Pandemie erlieft hätt. Mee Nohaltegkeet a sozial Verantwortung engersäits an Effizienz a Kompetitivitéit anerersäits, wiere matenee vereenbar. D'Europäesch Unioun géing sech net méi kredibel maachen, wa se hir Prinzippie géing iwwer Bord werfen, kritiséiert de Jean-Louis Zeien. Resilient géing bedeiten, laangfristeg ofgeséchert ze sinn an net kuerzfristeg u Profit orientéiert.

Schockéiert vun der Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung

De Coordinateur vun der Initiative pour un devoir de vigilance kritiséiert d'Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung. Hie wier schockéiert, dass d'Regierung dës Omnibus-Direktiv begréisst: "Il faut appeler un chat un chat. Et muss ee Kloertext schwätzen." Dat wier keng Simplificatioun, mee eng Deregulatioun, déi op Käschte vun den Affer vun Mënscherechtsverletzunge geet, op Käschte vun de Leit, déi an de Liwwerkette schaffen a perverserweis souguer deels op Käschte vun den Entreprisë selwer.

Wa Reegelen ofgeschwächt ginn oder kapott gemaach ginn, dann nennt een dat eng Deregulatioun. Dat wier eng Business-First-Politik, déi hei zu Lëtzebuerg gemaach gëtt an dann och zu Bréissel ënnerstëtzt gëtt. Notamment hei am Land d'Ausweidung vu Sonndesaarbecht, "d'Ultra-Flexibiliséierung" vun Aarbechtszäiten an dem Eenzelhandel an d'Pensiounsreform, déi virun allem déi zukünfteg Generatioune wäert belaaschten.

"A wann ech da kucken, wat fir eng Politik zu Bréissel an engems vun Deregulatioun och mat ënnerstëtzt gëtt, ënnert dem Deckmantel ëmmer vun enger Simplificatioun, da geet dat och op Käschte vun deene schaffende Leit an de Liwwerketten." Dofir wäert d'Initiative pour un devoir de vigilance och un der Protest-Maniff vun OGBL an LCGB deelhuelen. Sou eng Politik kéint een net mat ënnerstëtzten, kritiséiert de Jean-Louis Zeien.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Louis Zeien

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.