En Dënschdeg de Moie war d'Dréchent Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Temperature klammen. Fir d'Bauere bedeit dat virop méi Kontroll-Aarbecht beim Véi op der Weed, fir zum Beispill ze kucken, dass ëmmer genuch Waasser do ass. Anerersäits hätt déi Dréchent natierlech och Konsequenze fir d'Recolten, erkläert de Christian Hahn. De President vun der Landwirtschaftskammer war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Landwirtschaftskammer hätt elo keng konkret Chifferen, wat d'Aboussen an den 3 dréchene Joren (2018-2020) waren, ma d'Assurancen hätten definitiv gekeimt. Et wier gutt, dass hei am Land d'Assurancen an der Agrikultur bis zu 65 Prozent vum Landwirtschaftsministère ënnerstëtzt ginn. Aktuell wieren hei am Land tëscht 40 a 50 Prozent vun de komplette Flächen assuréiert, also ronn 18.000 Hektar Gréngfläch an iwwer 30.000 Hektar Aker. Bei de Versécherunge misst een allerdéngs e Minimum vun 30 Prozent Schued hunn, fir eppes zeréck ze kréien. 

Méi resilient ginn 

Den Ament géing natierlech och gekuckt ginn, fir aner Planzen ze ziichten, déi manner Waasser brauchen a méi resilient sinn, erkläert de Christian Hahn. De Problem wier allerdéngs och, dass wann een op esou Zorte setzt, dann hätt een natierlech e Problem, wann et e ganzt naasst Joer gëtt, wéi d'lescht Joer, erkläert den Invité. Nieft der Hëtzt an der Dréchent, hëlt och de Phenomeen vun den extremen Nidderschléi zou. Dogéint kann een net vill maachen. A Parzellen, déi vill am Hang sinn, do kéint een Erosiounsmesuren huelen, mat Sträifen, déi op Dauer begréngt sinn. Ganz allgemeng géing een de Betriber awer un d'Häerz leeën, fir op méi verschidde Kulturen ze setzen. Et wieren nämlech ëmmer verschidde Kulture méi betraff wéi anerer. 

Mëllech a Fleesch sinn aktuell méi lukrativ wéi Kären 

An der Landwirtschaft gëtt et allgemeng staark Fluktuatiounen am Präis. Woumat Sue verdéngt sinn, kéint een also net pauschal soen. D'lescht Joer haten d'Betriber zum Beispill vill Verloschter vu Béischten wéinst der Blozonge-Kränkt an doduerch wier d'Mëllech an d'Fleesch mëttlerweil méi lukrativ, wéi een dat aus de leschte Jore gewinnt war. Aktuell wieren d'Kären dogéint op engem niddrege Verkafspräis.

Hien hätt haut 41 Joer, sou de Christian Hahn a virun 41 Joer hätt ee méi fir Käre krut wéi haut. Dat wier fir de Konsument dacks schwéier ze verstoen, well d'Präisser fir si generell klammen. Mee et géingen nach Acteuren tëscht de Baueren an dem Konsument ginn an déi missten och hir Sue verdéngen, sou den Invité.

Administrativ Aarbecht muss ofhuelen 
Fir déi ganz waarm Mëttesstonne kéint de Bauer sech och op säi Büro zeréckzéien, fir administrativ Aarbecht ze maachen. Aktuell géing Administratives bal ee Véierel vun der Aarbechtszäit ausmaachen an dat géif de Beruff ëmmer manner attraktiv maachen, kritiséiert den Invité. Dofir begréisst d'Landwirtschaftskammer déi europäesch Omnibus-Reform vum Landwirtschaftskommissär Christophe Hansen. Europawäit wäert d'Reform vill Effekt hunn, ma vill Mesurë wäerten net onbedéngt zu Lëtzebuerg gräifen. Do sollen awer nach puer Mesurëpäck an Zukunft derbäi kommen, vun deenen ee sech vill versprécht.
 
Bei der Maniff leschte Samschdeg waren d'Baueren iwwregens weder am Bësch, nach an der Stad, ma éischter um Feld. Do wiere vill Thematiken ugeschwat ginn, déi si zwar och concernéieren, wéi d'Sonndesaarbecht an d'Pensiounen, mee d'Bauere géinge souwisou all Dag an der Woch schaffen an hätte keng fuerchtbar déck Pensiounen, sou de Christian Hahn.

Invité vun der Redaktioun: Christian Hahn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.