Bis den 23. Juni muss et séier goen, fir d'Covid-19 Gesetzer fir d'Zäit nom Etat de crise auszeschaffen.

Zu Lëtzebuerg huet déi lescht Wochen politesch gekuckt, wéi och soss iwwerall op der Welt, d'Corona-Pandemie d'Aktualitéit dominéiert.

Elo sinn mer am Deconfinement ukomm. Et kommen ëmmer méi Lockerungen an geschwënn leeft och den Etat de Crise aus. Et gouf vill am Presseclub ze diskutéieren.

Den RTL-Presseclub vum 7. Juni 2020

D'Zäit leeft. Bis den 23. Juni mussen nei Covid-19 Gesetzer op d'Been gestallt ginn fir d'Zäit nom Etat de Crise z'iwwerbrécken. Zwee Gesetzprojeten, den 7606 an den 7607, goufen dës Woch intensiv vun den Deputéierten um Krautmaart diskutéiert. Besonnesch den éischten Gesetzestext beinhalt ganz bedenklech Formulatiounen. Do gëtt zum Beispill d'Legalisatioun vun enger forcéierter Hospitalisatioun an d'Spill bruecht. Spréch Persounen, déi mam Sars-Cov-2 infizéiert sinn oder mat enger Persoun a Kontakt waren, déi de Covid-19 huet, mussen wärend hirer Quarantaine am Spidol bleiwen. Wann se dat net maachen, kann den Direkter vun der Santé den Procureur d'Etat saiséieren an sou d'Persoun forcéieren, am Spidol mussen ze bleiwen.

Dëst ass eng ganz violent Aschränkung vun de Perséinlechkeetsrechter. Diametral opposéiert sti sech perséinlech Fräiheete an d'Sécherheet am Wuel vun der Allgemengheet. Dëst ass ënner anerem een Thema op dat mir eis de Moien mat de Journalisten fokusséieren. Och den Dateschutz gëtt diskutéiert, well och do virgesinn ass, dass d'Donnéen vun infizéierte Persounen an enger Datebank gespäichert ginn. Wat do genee gespäichert gëtt, ass net kloer.

A Relatioun mat der Covid-19 Pandemie stinn d'Froen ronderëm d'Koherenz vun den Deconfinements-Mesuren. Doheem dierf ee just 6 Leit invitéieren, am Restaurant zu 4 am Dësch sëtzen awer dobaussen am Park dierf een zu 20 sinn, d'Spillplazen musse zoubleiwen an op enger Manifestatioun géint Rassismus e Freideg virun der amerikanescher Ambassade ware wäit iwwer 1000 Leit beieneen.

Wou mer dann schonn beim leschten Thema vun eisem Presseclub wieren, nämlech de latenten Rassismus an den USA, deen nom brutalen Doud vum George Floyd, nees e Gesiicht krut.

RTL

Invitéiert am Presseclub e Sonndeg waren:

d'Ines  Kurschat vum Lëtzebuerger Land
d'Dani Schumacher vum Wort
an de Luc Caregari vun der Woxx.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.