E Sonndeg waren de Jean-Claude Franck vum Radio 100,7, de Christoph Bumb vu Reporter.lu an de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort am Presseclub.

D'Regierung an d'Justiz soen, se kënnen näischt fir de Frank Schneider maachen. D'USA froe jo d'Ausliwwerung vum fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht a Geschäftsmann, deen elo a Frankräich wunnt. Dat wéinst deem senger Roll an der "One-Coin"-Affär.

Dat Ganzt huet et bis an d'Lëtzebuerger Politik gepackt a bis an de Presseclub dëse Sonndeg hei op RTL. D'Journaliste Jean-Claude Franck vum Radio 100,7, de Christoph Bumb vu Reporter.lu an de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort hunn eis hei hir Siicht iwwert déi ganz Affär(en) ginn.

Mat hinnen hu mer awer och iwwert déi international Aktualitéit geschwat. Iwwert eng ëmmer méi zerspléckte Welt an eng ëmmer méi zerpléckt Gesellschaft bannent den Demokratien.

Eis Invitéë waren

  • Jean-Claude Franck vum Radio 100,7
  • Christoph Bumb vu Reporter.lu
  • Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort

Presseclub vum 13. November 2022

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.