De Luc Frieden ass no bal engem Joerzéngt Paus zeréck an der Politik. Mir hunn d'Journalistekolleegen no hirer Aschätzung gefrot.

Kann de Spëtzekandidat Frieden déi gréisst Oppositiounspartei zeréck op d‘Regierungsbänk bréngen oder ass d'Designatioun vum Ex-Minister Ausdrock dofir, datt se bei der CSV a punkto Renouveau hirer Hänn kee Rot méi wëssen.

Mir hunn d'Journalistekolleegen no hirer Aschätzung gefrot.

Aner Theme waren déi eventuell Steiererliichterungen, déi d'Finanzministesch Yuricko Backes annoncéiert huet ... an déi westlech Panzer-Liwwerungen un d'Ukrain.

Eis Invitéen:

de Marc Schlammes vum Wort,
de Pit Scholtes vu Reporter
an den David Marques vum Quotidien

De Presseclub vum 5. Februar 2023

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.