Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.

Polen ass eent vun de gréisste Länner an Osteuropa, dat nach ëmmer vill Touristen iwwerrascht. Amplaz de Virdeeler nozelafen, ass et Zäit, d'Land mat oppenen Aen ze entdecken: mat senge kulturelle Schätz, kulinaresche Spezialitéiten an enger Natur, déi vu Mier bis Bierg bal alles ze bidden huet.

2023 huet Polen ronn 19 Milliounen international Visiteure gezielt, en däitlecht Zeechen, dass d’Land ëmmer méi interessant gëtt fir Touristen aus Europa a méi wäit fort.

Stied voller Geschicht a Charakter

Wie Polen entdeckt, kënnt net laanscht seng grouss Stied. Krakau, déi fréier Kinneksstad, gëllt haut als kulturellt Häerz vum Land. D’Alstad mat hirer markanter Marienkierch, dem Wawel-Schlass an der laanger Rynek-Plaz zielt zu de schéinste vun Europa.

Direkt an der Géigend fannt een och d’Salzmine Wieliczka, en UNESCO-Site mat ënnerierdesche Galerien, Skulpturen a souguer enger Kapell an dat alles aus Salz.

Warschau, d’Haaptstad vu Polen, ass modern, dynamesch a gläichzäiteg déif an der Geschicht verankert. D’Alstad gouf no der Zerstéierung am Zweete Weltkrich ganz nei opgebaut, an esou präzis, dass och si op der UNESCO-Lëscht gelant ass. D’Stad zitt mat senge Bëscher, Parken a kulturellen Instituter ëmmer méi jonk Visiteuren un.

RTL

© Lino/Pixabay

Een Highlight ass och Danzeg un der Ostseeküst: eng maritim Stad mat faarwege Fassaden, Hafenambiance a Geschicht op Schrëtt an Trëtt.

RTL

© Irishka Nazaruk/Pixabay

Net ze vergiessen: Breslau, och als Wrocław bekannt, mat senge bekannten Zwergestatuen, déi iwwerall an der Stad verstoppte Message vermëttelen an deen een oder aneren zum Laache bréngen.

RTL

© Bernd Gross

E Stéck Polen um Teller

D’Kichen a Polen ass defteg an dacks méi variéiert wéi erwaart. Pierogi, déi gefëllte Paschtéitchen, ginn et a sëllege Varianten, mat Fleesch, Gromperen, Pilzen oder och séiss gefëllt.

RTL

© seinfuchs/Pixabay

Bigos, e Plat aus Sauerkraut, Fleesch a Gewierzer, gëtt gär als Nationalplat bezeechent. Wien eppes fir ënnerwee sicht, soll Zapiekanka probéieren. Dëst ass eng hallef Baguette mat Champignonen, Zwiwwelen a Kéis aus dem Uewen. Klenge Snack, grousst Genoss.

A beim Gedrénks ass Polen net bescheiden. Béier gëtt an alle Variatioune gebraut, a fir déi, déi eppes méi Staarkes sichen, ass Wodka e feste Bestanddeel vun der Kultur.

Tëscht Séien, Bësch a Bierger

Och wann et villäicht net jiddereen erwaart: Polen huet vill a beandrockend Natur ze bidden. Ganz am Süde läit d’Tatra-Biergketten, wou Wanderen, Klammen a Schifueren um Programm stinn. De Mount Rysy mat enger Héicht vun 2.499 Meter, ass eng beléift Etapp fir erfueren an ambitionéiert Wanderer.

RTL

De Morskie Oko Séi an den Tatra-Bierger. / © Maksym Harbar/Pixabay

Am Wanter gëtt d’Géigend ronderëm Zakopane zu engem Hotspot fir de Schisport. De Resort zielt all Joer iwwer 3 Millioune Visiteuren, dorënner och ëmmer méi Gäscht aus dem Mëttleren Osten, déi déi frësch Loft a gréng respektiv wäiss Kuliss ze schätze wëssen.

Am Norden erwaart Touristen d’Masurecht Séigebitt. Dëst ass eng Landschaft mat Dausende vu Séien, ideal fir Paddelen, Seegelen, Camping a Naturfrënn. Hei kann ee seng Zäit am Kajak verbréngen, an engem Bungalow um Waasser schlofen oder einfach nëmmen d’Vullen zielen.

Fir déi, déi eppes ganz Spezielles erliewe wëllen, gëtt et de Białowieża-Nationalpark. Deen urale Bësch un der Grenz zu Wäissrussland gëllt als leschten Déifland-Urbësch an Europa a steet ënner strengem Schutz.

RTL

© Pixabay

Besonnesch: Hei lieft nach ëmmer eng grouss Kolonie vum europäesche Wisent, also wëll Bisonen. Bal 600 Déieren, déi am 20. Joerhonnert bal ausgestuerwe waren, mee duerch Schutzprogrammer erhale konnte ginn, sinn hei Doheem. Et ass eng vun de leschte Plazen an Europa, wou dës Déierenaart nach fräi an der Natur lieft.

RTL

© Krzysztof/Pixabay

"Also nächst Kéier geet et a Polen..."

Polen ass definitiv eng Visitt wäert. Et ass modern a gläichzäiteg verwuerzelt, authentesch an oppen, mat enger déifgräifender Kultur, gudder Kichen a villen natierleche Schätz. Et ass eng Destinatioun fir déi, déi gär op eege Fauscht entdecken, mee och fir déi, déi gäre bei engem lokale Guide eppes Neies léieren.

RTL

Strooss zu Danzig a Polen. / © Gosia K./Pixabay

Ob e Weekend an enger Stad, eng kulinaresch Rees oder Outdoor-Aventuren – Polen huet fir jiddereen eppes ze bidden. An och wann et mol e bësse méi dresche kléngt, d’Begréissung ass häerzlech an éierlech gemengt. A wa Prost gesot gëtt, da gëllt: Na zdrowie!

All d'Deeler fannt Dir hei.