
Denkt Dir datt et méiglech ass eppes ze bewierken andeems Dir genau bleift wou Dir sidd, sief et hannert Ärem Schreifdësch, op Ärem Canapé oder wärend Ärer Liblingsaktivitéit? Zënter 2020 ass et bewisen datt ee ka Liewe retten andeems een doheem bleift. Haut, um Weltdag vun der Solidaritéit, weise mir Iech wéi Dir Iech elo – an och fir zukünfteg Generatiounen - op vill verschidden Aart a Weise kënnt engagéieren.
Engagement ass ee grousst Wuert. Et huet vill Bedeitung am juristeschen oder politesche Kontext, awer och a sozialer Hisiicht. Mee kommt mir konzentréieren eis op seng méi philosophesch Bedeitung: d’Verspriechen, eppes aus Solidaritéit z’erreechen. Et gi vill verschidde Méiglechkeeten sech z’engagéieren. Et geet awer dorëms, déi richteg Manéier fir sech ze fannen andeems een sech selwer e puer Froe stellt:
Ab do gëtt et eng ganz Rei u Méiglechkeeten eppes ze bewierken. Duerch déi nei Technologien si vill Dieren opgemaach ginn, fir séier an einfach eppes kënne bäizedroen. Hutt Dir vum „Lilo“ héieren, der solidarescher Sichmaschinn? Andeems Dir dësen Internetbrowser benotzt, sammelt Dir „Waasserdrëpsen“, déi a Suen ëmgewandelt ginn an un e Solidaritéitsprojet vun Ärer Wiel gespent ginn. Stellt Iech déi kollektiv Kraaft vun Dausende vu Leit vir, déi all Dag esou eng gemeinsam Aktioun maachen.
Da gëtt et och « GivenGain », eng Plattform, déi jidderengem erlaabt, „Fundraiser“ ze ginn a Suen ze sammele fir eppes, wat engem um Häerz läit, andeems een eppes mécht wat e gär huet. Ob lafen, kachen, léieren oder spillen – Dir kënnt Är Passioun an eng Kraaft fir de gudden Zweck ëmwandelen.

Jiddereen huet eppes wat hie ka mat aneren deelen. Hutt Dir een Don fir ze bitzen? Wësst Dir wéi een en CV gutt presentéiert? Äert kulinarescht Kënne léist Är Famill schmëlzen? Hutt Dir de Wonsch, eng bedeitend Spuer ze hannerloossen, nodeems Dir net méi do sidd? Engagement geet ëm d’Intentioun – de Rescht hänkt vun Iech of.
Ee Wee fir Är Intentiounen ze realiséieren, ass duerch eng Ierfschaft. Dat bedeit, eng karitativ Organisatioun wéi d’Fondation Follereau an Ärem Testament z‘ernimmen. En Testament ass net nëmmen e juristescht Dokument – et spigelt Är Wäerter a Prioritéiten. Et bitt Iech d’Méiglechkeet, Iech ëm Är Léifsten ze këmmeren a gläichzäiteg Solidaritéit mat deene Leit ze hunn, déi se brauchen.
Mat enger Ierfschaft transforméiert Dir Äert Ierwen an en dauerhafte Geste vun der Generositéit. Är Ënnerstëtzung ka Bildungsméiglechkeete schafen, Gemeinschafte stäerken oder vulnerabel Kanner schützen. Sou suergt Dir dofir, dass déi Saachen, déi Iech am meeschten um Häerz leien, och no Ärer Zäit wieder bestoe bleiwen.
Wësst Dir wat „Giving Tuesday“ ass? No Thanksgiving, Black Friday, Cyber Monday…, ass #GivingTuesday, een einfachen Hashtag deen sech reegelrecht zu enger weltwäiter Solidaritéitsaktioun entwéckelt huet an eng zousätzlech Geleeënheet ginn ass, fir d’Bedeitung vum Deelen ze weisen. D’Sensibiliséierung ass eng staark Form vun Engagement. Et stäerkt d’Generositéit, d’Empathie an d‘Hoffnung an inspiréiert d’Leit an Ärem Entourage. Dofir: kommentéiert,liket, deelt, diskutéiert ... wéi de Raoul Follereau gesot huet: „Ee Laache kascht näischt, a mécht vill“.
Zënter 58 Joer engagéiert sech d’Fondation Follereau Lëtzebuerg fir d’Liewensqualitéit vun de Beneficiairen a sengen Interventiounslänner ze verbesseren. Un der Säit vun eise Partnerassociatiounen, ënnerstëtze mir lokal, inklusiv a positiv ausgeluechten Initiativen, déi op d’Bedierfnisser vun de Leit op der Plaz äntweren, an dat an 8 verschiddenen afrikanesche Länner. Mir sinn der Meenung, datt all Geste zielt, egal wéi grouss d’Distanz zu deenen ass déi ënnerstëtzt ginn. Egal ob et een Don ass, ob Dir Iech als Benevole asetzt, ob Dir Är Aarbechtskolleegen oder Är Famill mobiliséiert, eng Spendenaktioun oder eng Ierfschaft maacht – eis Ekipp ass do, fir Iech ze begleeden an Är Intentiounen a konkret a wäertvoll Aktiounen ëmzesetzen.
Wie wëll, dee kann! Wéi gesäit et mat Iech aus?
Fondation Follereau
204, route d’Arlon - L-8010 Strassen
Tél. : 446606-1 / info@ffl.lu / www.ffl.lu
BCEE IBAN LU38 0019 1100 2081 3000