Sponsored ContentEng robust Dynamik um Niveau vun den Aktivitéiten an den USA

Banque de Luxembourg

D’Enn vun där längster Phas vum Budgetsblocage an de Vereenegte Staaten – 43 Deeg – huet eng progressiv Relance vum statisteschen Apparat an den USA erméiglecht. Dëse confirméiert e kontinuéierleche Wuesstem vun der Wirtschaft, trotz dem Schock vun den Zolltariffer, deen d’Trump-Regierung am Abrëll 2025 initiéiert huet.

De Wuesstem wärend dem drëtten Trimester huet domat op en Neits all de Prognose getrotzt a louch bei 4,4% pro Trimester op e Joer héichgerechent, wat dem stäerkste Wuesstem an deene leschten zwee Joer entsprécht. D’Consommatioun vun de Stéit, e Motor vun der US-Wirtschaft, goung ëm 3,5 % an d’Luucht, eng beandrockend Leeschtung.

Mir constatéieren erëm eng grouss Diskrepanz tëschent der unhalender Schwächt vun deenen eenzelen Indicateure fir d’Konsumentevertrauen an der Stabilitéit vun den Donnéeën, gemooss u reellen Depensen. Effektiv gëtt d’Consommatioun schonn zënter Jore vun der räichster Bevëlkerungsschicht gedroen, déi vu bedeitende Verméigenseffekter profitéiert. Déi Stéit, déi iwwer 20% vum héchsten Akommes verfügen, konzentréieren ausserdeem en ëmmer gréisseren Deel (iwwer 70 %) vun dësem Verméigen op sech. Kaum vun der Inflatiounsproblematik betraff, sinn dës Stéit déi eigentlech dreiwend Kraaft vun der amerikanescher Consommatioun. D’Stagnatioun vum reell iwwert d’Trimester verfügbaren Akommes an de Recul vum Spuertaux vun de Stéit (4,2% géintiwwer 5% am zweeten Trimester) verdäitlechen awer dës grouss Ofhängegkeet vun engem klengen Deel vun der Bevëlkerung.

Weiderhi robust Investissementer vun den Entreprisen, gedroe vu kënschtlecher Intelligenz

Obwuel de Wuesstem no engem exzellenten éischte Semester (+3,2 % pro Trimester op e Joer héichgerechent) liicht u Vitess verluer huet, verzeechnen d’Investissementer an den Netwunnbau bedéngt duerch d’Depensë fir Technologien am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz weiderhin en zolitte Wuesstem (deen awer deelweis duerch eng Hausse vun den Importer vun Technologiegidder ausgeglach gëtt). Nieft der Consommatioun vun de Stéit ass dee staarken Investitiounszyklus am Zesummenhang mat der kënschtlecher Intelligenz deen zweete Motor fir d’Performance vun der US-Wirtschaft. Déi steigend Circularitéit tëschent deene verschiddenen Acteure vun der Ketten – d’Fabrikante vun Hallefleeder, d’Hyperscaler an d’Entreprisen aus dem Secteur vu KI-Applikatiounen – déi sech duerch eng Multiplikatioun vu finanziellen, industriellen an technologesche Verflechtungen auszeechent, verdéngt allerdéngs eis Opmierksamkeet.

Schwaach Beschäftegungsentwécklung a réckleefeg Lounstéckkäschten

Zënter Juli ginn an der Moyenne 15.000 Aarbechtsplaze pro Mount kreéiert, wat engem schwaache Wuesstem entsprécht. Den Taux vum Chômage bleift trotzdeem op engem ganz nidderegen Niveau (4,4 %), soudass den Ament kee gréisseren Desequiliber tëschent der Offer – déi duerch eng ganz restriktiv Migratiounspolitik ageschränkt ass – an der Nofro um Aarbechtsmaart ze erkennen ass.

Ugesiichts enger däitlech limitéierter Spuerquot vun de Stéit (manner wéi 5 % vum verfügbaren Akommes) schéngt et gerechtfäerdegt ze sinn, datt d’amerikanesch Zentralbank sech méi Suergen ëm den Zoustand vum Aarbechtsmaart wéi ëm d’Inflatioun mécht. Doriwwer eraus sinn d’Lounstéckkäschten an deenen zwee leschten Trimesteren dank enger staarker Hausse vun der Produktivitéit zeréckgaangen – e Facteur, deen sech positiv op d’Rentabilitéit vun den Entreprisen auswierkt. Mat grousser Warscheinlechkeet wäert d’Produktivitéit vun enger struktureller Hausse profitéieren, änlech wéi Enn der 1990er Joren, eng Period, déi vun engem staarken Investitiounszyklus am Technologieberäich (Internet) gepräägt gouf. D’Ausmooss an den Timing vun dëser Hausse bleiwen awer weiderhi ganz ongewëss.

D’Federal Reserve op en Neits ënner Drock

Obschonn d’Inflatioun opgrond vun där laanger Phas vum Shutdown weiderhin duerch eng perturbéiert Datesammlung affektéiert ass, blouf se am Dezember stabil (+2,7% op Joresbasis), wat fir d’Federal Reserve eng berouegend Entwécklung duerstellt.

De politeschen Drock op hire President Jerome Powell ass awer nach ëmmer ganz staark. Hien huet viru kuerzem confirméiert, datt hie rezent vum Justizministère assignéiert gouf, fir am Zesummenhang mat Renovéierungsaarbechten um Sëtz vun der Institutioun virum Kongress auszesoen. D’Reaktioun vun enger ganzer Rei vu Politiker, dorënner och Leit aus dem republikanesche Lager, illustréiert awer de Wëllen, de Comité vun der Geldpolitik géint iergendwellech politesch Amëschungen ze schützen, e staarkt Zeechen, dat Mutt mécht. D’Absicht vun der US-Regierung, an d’Zënspolitik anzegräifen, ass awer weiderhin aktuell. Den Donald Trump ergräift ëmmer méi Initiativen. Ouni Detailer vun engem méiglechen Zäitplang ze nennen, huet de President kierzlech zwou hallefstaatlech Agencen, Fannie Mae a Freddie Mac, ugewisen, titriséiert Prêt-hypothecairen am Wäert vun 200 Milliarden Dollar ze kafen, fir Drock op d’Hypothéikenzënsen auszeüben an den Zougang zu Wunnraum ze erliichteren. Den Trump huet och d’Iddi geäussert, d’Zënssätz fir Kreditkaarten op maximal 10% ze begrenzen, eng Iddi, déi um Pabeier zwar attraktiv ausgesäit, bei hirer Ëmsetzung allerdéngs d’Kreditoffer fir d’Stéit aschränke géing.

Méi Informatiounen: https://www.banquedeluxembourg.com/lb/bank/bl/bl-times/filter/tag/topic_economie/country/LU/

Back to Top
CIM LOGO