Sponsored ContentLëtzebuerg lancéiert säin Defence Bond

Finanzministère

An enger Welt, déi ëmmer méi onsécher gëtt an an där Sécherheets- a Verdeedegungsfroen eng zentral Roll spillen, geet Lëtzebuerg nei Weeër a lancéiert am Januar 2026 säin Defence Bond. Dorënner versteet een eng Staatsobligatioun, déi et all Bierger erlaabt, direkt an déi national Verdeedegung z’investéieren.

Dës Initiativ bitt net nëmmen eng Méiglechkeet, zur Zukunft vum Land bäizedroen, mee och e garantéierte Rendement, accessibel fir jidderee.

E strategescht Engagement

Lëtzebuerg ass sech de wuessende geopoliteschen Erausfuerderunge bewosst an huet sech dozou entscheet e staarkt Zeechen ze setzen an seng Verdeedegungscapacitéiten ze stäerken. Mat der Aféierung vum Defence Bond gëtt de Groussherzogtum dat éischt europäescht Land, dat eng ëffentlech Obligatioun lancéiert, déi spezifesch der Verdeedegung gewidmet ass. Dëse neie Produit erlaabt et de Bierger, eng aktiv Roll an der Sécherheet vun hirem Land ze spillen.

Eng sécher Investitioun

Den Defence Bond zeechent sech duerch eng héich Sécherheet an Attraktivitéit aus. Mat enger Lafzäit vun 3 Joer verfüügt en iwwer e fixen, kompetitiven Zënssaz, dee fir e konstanten Ertrag suergt. Et ka schonn ab 1.000 Euro investéiert ginn, mat engem Maximum vun 150.000 Euro pro Persoun a pro Bank.

D’Obligatioun gëtt vum lëtzebuergesche Staat erausginn, deem seng AAA-Notatioun fir Stabilitéit steet, an ass eng zouverlässeg Méiglechkeet fir Suen unzeleeën bei där een herno säin investéiert Kapital zréckkritt.

Ee weidere wichtege Virdeel fir lëtzebuergesch Residenten: D’Zënsen si vun der Akommessteier befreit, domat klëmmt den Netto-Rendement däitlech. Dës steierlech Avantagë sinn eng attraktiv Geleeënheet fir déi, déi hiert Verméige wëllen optimiséieren a gläichzäiteg déi national Verdeedegung ënnerstëtzen.

Fir jidderee verfügbar

Den Defence Bond riicht sech virun allem un d’Residenten, mee ass och fir Net-Residenten op. Sou kann all Bierger – egal ob hien am Land oder am Ausland wunnt – dës Obligatioun zeechnen an esou zur Verdeedegung vum Land bäidroen.

D’Souscriptioun fänkt de 15. Januar 2026 un an ass bis den 30. Januar 2026 op, oder bis de Plaffong vun 150 Milliounen Euro erreecht ass. Interesséiert Investisseure kënnen an enger vun de Partnerbanken - Spuerkeess, Banque Raiffeisen, BGL BNP Paribas, Banque de Luxemburg a BIL - ënnerschreiwen.

Total Transparenz

D’Suen, déi duerch de Defence Bond gesammelt ginn, ginn an essenziell Verdeedegungsprojeten investéiert, déi fir d’Sécherheet vum Land wichteg sinn. Dobäi geet et ënner anerem ëm Investitiounen an d’Aviatioun, Satellitten, Gefierer, Kommunikatiounsmaterial, an déi eege Protektioun an an Infrastrukturen.

Fir eng transparent Gestioun ze garantéieren, wäert d’Regierung all Joer en detailléierte Rapport iwwer d’Benotzung vun de Sue publizéieren. Dëse strenge Suivi garantéiert dem Bierger, datt hiert Investissement effizient a mat Verantwortung agesat gëtt.

Eenzegaarteg an Europa

Den Defence Bond stellt e wichtege Schrëtt an der ëffentlecher Finanzéierung vun der Verdeedegung an Europa duer. Hien erméiglecht et dem Bierger aktiv zur Sécherheet vum Land bäizedroen an dobäi vun engem attraktive Rendement ze profitéieren, ofgeséchert duerch eng Investitioun vu grousser Qualitéit. Mat dësem Produit bitt Lëtzebuerg eng eemoleg Geleeënheet, patriotescht Engagement mat finanzieller Rentabilitéit ze verbannen, an dat am Déngscht vun engem strategesche Projet fir d’Zukunft vum Land.

Fir méi Informatiounen a fir d’Obligatioun ze zeechnen: Rendez-vous op defencebond.lu

Back to Top
CIM LOGO