
Dir wëllt Iech fräi an onbeschwéiert beweegen? Dir wëllt mat der Gewëssheet, sécher ze sinn duerch d’Stroossen spadséieren? Dir wëllt Är Kanner op d’Spillplaz oder an de Sportsveräi goe loossen? Dir wëllt mat engem gudde Gefill schlofe goen oder an d’Vakanz fueren, ouni Angscht, dass Abriecher an d‘Haus andréngen? Dat alles si berechtegt Uspréch a Fuerderungen, déi een un e Staat ka stellen.
Et ass eng vun de fundamentaalsten a nobelsten Aufgaben, d‘Sécherheet ze garantéieren. Well ouni Sécherheet gëtt et keng Fräiheet.
Mir hale Wuert. An de leschten 2 Joer hu mir als CSV-Fraktioun eng ganz Partie Moossnamen ëmgesat, déi Är Sécherheet stäerken an Äert Sécherheetsgefill verbesseren.
Mir hunn de Kontingent fir de Rekrutement vun 160 op 200 Polizistinnen a Poliziste pro Joer eropgesat. Esou konnt de Police-Corps konsequent ausgebaut ginn: Den Total vum Effectif ass vun 3.100 op ronn 3.400 Polizisten, Zivilisten a Stagiairen eropgaangen.

Mat der neier « Unité de Police locale » brénge mir d’Police erëm zeréck op den Terrain – méi no bei Iech. Déi véier Pilotprojeten an der Stad Lëtzebuerg, zu Esch/Alzette, zu Déifferdeng an op der Musel waren e grousse Succès. Ronn 7.200 der Patrullen hunn d‘Policebeamte vun der Police locale geleescht. Elo hunn sech weider Stied a Gemenge gemellt, wou och esou eng lokal Police soll agesat ginn.
Méi Präsenz bedeit méi Proximitéit. Méi Proximitéit bedeit besser Präventioun. A besser Präventioun bedeit méi Sécherheet. Dofir suergen daagsiwwer an nuets méi systematesch Policepatrullen, virun allem an den Hotspots.
Mir gesinn d‘Videoiwwerwaachung net als Agrëff an Är Privatsphäre, mee als Instrument zum Schutz vun Äre Fräiheeten an der Sécherheet am ëffentleche Raum. D’Videoiwwerwaachung op Garen a Kriminalitéits-Hotspots gouf ausgeweit. Mat vereinfachte Prozedure fir méi Kameraen am ëffentleche Raum, virun allem op sensibele Plazen, suerge mir fir Är Sécherheet. Dat gëtt selbstverständlech ënnert striktem Respekt vun den Dateschutzgesetzer ëmgesat.
Är Sécherheet. Eis Prioritéit. Dat ass net nëmmen e Slogan, dat ass een Optrag an eng Missioun, déi sech d’CSV op de Fändel geschriwwen huet.
D’Police gouf mat modernem Equipement a Body Cams ausgestatt. Mir stellen der Justiz an der Police och déi néideg digital Mëttelen an technesch Equipementer zur Verfügung. Et geet eis drëms, fir konsequent géint déi schwéier organiséiert Kriminalitéit virzegoen. Mir wëllen awer och, dass Police a Justiz efficace a séier schaffe kënnen.
Fir dem Manktem u Riichteren entgéintzewierken, stelle mir an de nächsten 3 Joer bal 100 zousätzlech Leit an der Magistratur an. Dat ass e Plus vun 30 Prozent. Et goufen och d’Accès-Krittäre geännert fir an der Magistratur ze schaffen: Mat engem vereinfachten Zougang zum Riichter-Beruff erlabe mir e méi breede Recrutement. Dat wäert sech spierbar auswierken, fir dass d’Justiz méi séier ka schaffen.
Bei schwéiere Strofdoten – wéi zum Beispill Sexualdelikter – soll an Zukunft e Sursis nëmmen nach dann zougelooss ginn, wann de Riichter dëst speziell a grëndlech motivéiert.
Är Sécherheet. Eis Prioritéit. CSV.
Weider Informatioune fannt dir op eisem Internetsite ënner: https://csv.lu/lb/ar-secherheet-eis-prioriteit