Sponsored ContentEng méi sécher Pensioun? Sou geet et!

CSV-Fraktioun

D’Zuelen si kloer: Déi gesetzlech Pensiounsreserve ginn an deenen nächste Jore relativ séier ofgebaut. Dofir muss elo gehandelt ginn: D’Finanze vum System musse stabiliséiert ginn, fir datt och an Zukunft jiddereen eng Pensioun kritt.

D’CSV-Fraktioun iwwerhëlt Verantwortung. An dat maache mir mat enger equilibréierter Reform, déi de Pensiounssystem fir déi nächst Joren ofséchert.

E méi nohaltege Pensiounssystem duerch eng equilibréiert Reform

Konkret wëlle mir de reelle Pensiounsalter méi no un de legale Pensiounsalter vu 65 Joer erubréngen. Jiddereen, deen haut wéinst Zousazperioden (Studiejoren, Babyjoren, asw.) op 40 Joer Cotisatioun kënnt, muss an Zukunft graduell bis zu maximal 8 Méint méi laang schaffe goen. Mais Fakt bleift: Jiddereen, dee 40 Joer geschafft a cotiséiert huet, kann och an Zukunft vu 57 Joer un an d’Pensioun goen.

Zousätzlech ginn d’Cotisatiounen, déi an d’Pensiounskeess abezuelt ginn, ëm 1,5 Prozent eropgesat, also jeeweils ëm 0,5 Prozent fir de Staat, fir de Patron a fir de Salarié. Domat deele mir dës Belaaschtung gerecht tëscht de Partner op.

Schaffe muss sech lounen: Erfarung besser unerkennen

Mir wëllen d’Leit och encouragéieren, fräiwëlleg méi laang an der Beruffswelt ze bleiwen. Dofir schafe mir nei, kloer an attraktiv Ureizer: Wien sech decidéiert, net direkt vun enger fréizäiteger Pensioun Gebrauch ze maachen, kritt eng Entlaaschtung („Abattement fiscal“) vu bis zu 750 Euro de Mount, dat heescht bis zu 9.000 Euro d’Joer.

Dat ass eng konkret Unerkennung fir déi, déi nach e puer Joer wëllen hir Kompetenzen an Erfarung abréngen.

Gläichzäiteg stäerke mir déi privat Altersvirsuerg, fir datt jidderee seng Pensioun flexibel a no senge Besoinen ausbaue kann. Amplaz vun 3.200 Euro kënnen an Zukunft bis zu 4.500 Euro d’Joer steierlech ofgesat ginn. Domat ginn nei Perspektiven opgemaach, fir déi, déi zousätzlech an hir Pensioun investéiere wëllen.

D’Recht op d’Pensioun mat 65 bleift bestoen

A villen europäesche Länner ass de legale Pensiounsalter däitlech méi héich. Zu Lëtzebuerg huet weiderhin all Mënsch d’Recht, spéitstens mat 65 Joer an d’Pensioun ze goen.

E flexibele Wee an d’Pensioun

Mat der „Pension progressive“, déi elo och am Privatsecteur agefouert gëtt, kann een seng Aarbechtszäit reduzéieren an esou lues aus dem Beruff erausklammen: Et schafft ee manner, kritt nach e Salaire, an de Rescht gëtt als Pensioun bezuelt. Dat ass eng modern, mënschlech a flexibel Léisung fir den Iwwergang vum Beruff an d’Pensioun.

Méi Rechter fir déi Jonk

Bis elo konnten d’Studiejoren nëmmen tëschent dem 18. a 27. Liewensjoer fir d’Pensioun ugerechent ginn. Mat dëser Reform kënnen elo bis zu 9 Joer Studium oder Formatioun fir d’Pensioun ugerechent ginn, onofhängeg dovun zu wéi engem Zäitpunkt am Liewen se gemaach goufen. Domat passe mir de System un d’Realitéite vun de modernen Aarbechts- a Liewensrealitéiten un.

Den „13. Mount“ bleift integral bestoen

D’Joresenn-Zoulag gëtt bäibehalen. Domat erkenne mir den Asaz an d’Efforte vun de Rentner vun haut weider un. A mir passen op, dass déi Leit, déi dëse Montant brauchen, net am Ree stinn. Et ass och eng Mesure géint d’Altersaarmut.

Schutz fir déi mat schwéierer Aarbecht

Wie säi Liewe laang kierperlech schwéier geschafft huet, brauch duerch des Reform net méi laang schaffen ze goe. D’Pensioun vu 57 Joer u bleift dowéinst ënnert deene selwechte Konditioune bestoen, wann ee 40 Joer cotiséiert huet.

Är Pensioun. Eis Prioritéit. CSV.

Weider Informatioune fannt dir op eisem Internetsite ënner: https://csv.lu/lb/news/2025/12/11/ar-pensioun-eis-prioriteit

Back to Top
CIM LOGO