Um Bord vun der Formel 1 gouf e Sonndeg déi 4. Manche vum Porsche Supercup a Groussbritannien gefuer.

Den Dylan Pereira war e Sonndeg zu Silverstone vun der 17. Plaz an déi 4. Course vun der Saison am Porsche Supercup gaangen. De Lëtzebuerger konnt sech während deenen 13 Ronnen no vir schaffen an ass um Enn als 12. iwwert de wäisse Stréch gefuer.

Op déi 3 éischt Plaze sinn den Ayhancan Güven, de Julien Andlauer an de Florian Latorre gefuer. Fir de Rookie Güven ass et déi éischt Victoire am Porsche Supercup.