NLS-5Charel Kauffman op Porsche 911 GT3 Cup II am Asaz, zesumme mam Smudo

RTL Lëtzebuerg
Den 29. August gëtt um Nürburgring de 5. Laf vun der Nürburgring Langstreckenserie gefuer, dëst mat Lëtzebuerger Bedeelegung.
© Four Motors / Charel Kauffman

Vill Equipagen notzen dës Course als Preparatioun op d'24h-Course vum Nürburging, déi dëst Joer vum 26. op de 27. September gefuer gëtt. Mat um Depart bei der 6-Stonne-Course dësen 29. August ass ënnert anerem och de Lëtzebuerger Charel Kauffman. Hie fiert dës Course op engem Porsche 911 GT3 Cup II vum Team Four Motors / Bioconcept-Cars. Si fueren an der Klass mat alternativem Sprit, an dësem Fall ass dëst E20 mat 20 Prozent Bioethanol-Undeel.

Fir d'6-Stonne-Course fiert de Charel Kauffmann selbstverständlech net eleng um Auto, ma deelt sech dee mat 3 anere Piloten, an dorënner ass och e ganz Prominenten. Rieds ass hei vum Michael Schmidt, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm “Smudo”, mat deem hien als Member vun de Fantastischen Vier bekannt ginn ass. De Smudo ass allerdéngs net just e bekannte Museker, ma och en ambitionéierte Pilot, dee schonn zanter gutt 20 Joer am Motorsport aktiv ass, an ëmmer nees um Nürburgring bei der 24-Stonne-Course untrëtt. Um Porsche mat der Startnummer 320 fiert dann och nach den Teamchef Tom von Löwis an den Tommy Kiefer.D’Course gëtt gestart um Samschdeg de mëtteg 12 Auer a geet bis 18 Auer.

Am Qualifying war et Plaz 61 ënner 156 Teams. Mat enger Zäit vun 8:53.675 war dëst och d’Beschtzäit an der AT(-G)-Klass, gefuer vum Tommy Kiefer, 13,325 Sekonne méi séier wéi den zweeten an där Klass.

Weider Pilote mat Lëtzebuerger Lizenz

Am Team Black Falcon ass de Carlos Rivas op engem Porsche 911 GT3 Cup MR gemellt. Si konnte Plaz 32 am Qualifying erausfueren, wat déi bescht Platzéierung fir e Pilot mat Lëtzebuerger Lizenz ass. Hir Startnummer ass d'350.

Op Plaz 51 am Qualifying kënnt den Daniel Bohr op engem Porsche 718 Cayman GT4 CS, mat der Startnummer 966.

Op Plaz 72 fanne mer mat der Startnummer 653 de Charles Oakes op engem BMW M240i Cup.

Mat engem Renault Megane RS (506) ass de Max Lamesch am Asaz. Fir hien ass et, zesumme mat 2 Piloten aus Däitschland d’Startpositioun 116.

Op Plaz 123 steet de Sébastien Carcone op engem Porsche Cayman (461), an der Kategorie V5.

Top 20 vum Qualifying

Pl.Nr.KlassTeam a PilotenAutoBeschtzäit
129SP9 ProB AUDI SPORT TEAM
F Drudi Mattia, Italien
F Mies Christopher, Düsseldorf
F Van Der Linde Kelvin, Kempten

Audi R8 LMS GT3

7:56.253
299SP9 ProB ROWE RACING
F Eng Philipp, Österreich
F Sims Alexander, Großbritannien
F Catsburg Nick, Belgien
F Yelloly Nick, Großbritannien
BMW M6 GT37:58.405
02.152
332SP9 ProB Audi Sport Team
F Bortolotti Mirko, Österreich
F Frijns Robin, Niederlande
F Haase Christopher, Kulmbach
F Winkelhock Markus, Tschechische Republik
Audi R8 LMS GT37:58.800
02.547
416SP9 ProB Mercedes-AMG Team HRT
F Engel Maro, Monaco
F Metzger Manuel, Schweiz
F Christodoulou Adam, Großbritannien
F Stolz Luca, Brachbach
Mercedes-AMG GT37:59.212
02.959
520SP9 ProB Audi Sport Team
F Müller Nico, Schweiz
F Vanthoor Dries, Belgien
F Vervisch Frederic, Belgien
F Stippler Frank, Bad Münstereifel
Audi R8 LMS GT37:59.277
03.024
642SP9 ProB BMW Team Schnitzer
F Farfus Augusto, Monaco
F Klingmann Jens, Schweiz
F Tomczyk Martin, Kolbermoor
F Van Der Linde Sheldon, Kempten
BMW M6 GT37:59.305
03.052
734SP9 ProB Walkenhorst Motorsport
F Pittard David, Großbritannien
F Pepper Jordan, Südafrika, Republik
BMW M6 GT38:00.385
04.132
82SP9 ProB Mercedes-AMG Team GetSpeed
F Marciello Raffaele, Italien
F Götz Maximilian, Uffenheim
F Buhk Maximilian, Hamburg
F Schiller Fabian, Troisdorf
Mercedes-AMG GT38:00.593
04.340
97SP9 ProB Konrad Motorsport GmbH
F Jefferies Axcil, Montabaur
F Di Martino Michele, Eitorf
Lamborghini Huracan GT3 Evo8:01.092
04.839
106SP9 ProB Mercedes-AMG Team HRT AutoArenA
F Assenheimer Patrick, Heilbronn
F Baumann Dominik, Meuspath
F Müller Dirk, Tägerwilen
F Engel Maro, Monaco
Mercedes-AMG GT38:01.157
04.904
1137SP9 ProB FFF RACING GROUP GMBH
F Mapelli Marco, Schweiz
F Caldarelli Andrea, Italien
F Altoe Giacomo, Italien
Lamborghini Huracan GT3 Evo8:01.733
05.480
1298SP9 ProB ROWE RACING
F Wittmann Marco, Fürth
F Auer Lucas, Österreich
F Dusseldorp Stef, Niederlande
BMW M6 GT38:02.646
06.393
1326SP9 ProB Octane 126 AG
F Grossmann Björn, Schweiz
F Ludwig Luca, Schweiz
Ferrari 488 GT38:02.821
06.568
144SP9 ProB Falken Motorsports
F Bachler Klaus, Österreich
F Cairoli Matteo, Italien
F Dumbreck Peter, Großbritannien
F Ragginger Martin, Österreich
Porsche 911 GT3 R8:02.886
06.633
15911SP9 ProB Manthey-Racing
F Campbell Matt, Stuttgart
F Jaminet Mathieu, Luxemburg
F Kern Lars, Weissach
Porsche 911 GT3 R8:03.061
06.808
1617SP9 ProB Mercedes-AMG Team HRT
F Haupt Hubert, München
F Ellis Philip, Schweiz
F Piana Gabriele, Meuspath
Mercedes-AMG GT38:03.417
07.164
1715SP9 ProB PHOENIX RACING
F Schramm Kim Luis, Wümbach
F Gounon Jules, Spanien
F Green Jamie, Dunton Basset, Leicestershire
Audi R8 LMS GT38:04.313
08.060
1839SP9 AmB Hella Pagid - racing one
F Kohlhaas Christian, Andernach
F Rogivue Nikolaj, Schweiz
F Jäger Mike, Kaiserlautern
Ferrari 488 GT38:04.687
08.434
1911SP9 Pro-AmB IRON FORCE RACING
S EPP Car Collection by TECE
F Erhart Elia, Röttenbach
F Kaffer Pierre, Schweiz
F Reicher Simon, Österreich
F Slooten Jan-Erik, Neuss
Audi R8 LMS GT38:04.771
08.518
2023SP9 AmB GetSpeed Performance
F Hill Janine, USA
F Szymkowiak Jules, Schweiz
Mercedes-AMG GT38:04.982
08.729

D’Course gëtt am Livestream op Youtube iwwerdroen an d’Resultater wënnt een hei.

Back to Top
CIM LOGO