
(vlnr) Lucien Franck, Marc Joseph, Andy Mathekowitsch. / © RTL Archiv
De Marc Joseph bleift awer den ACL Vertrieder an der Kommissioun vun der Biergcourssen bei der FIA, der internationale Automobilfederatioun.
Aus dem Automobilsport ass et d'Nouvelle, dass de Marc Joseph seng Funktioun als President vum Directoire vum ACL Sport ofgëtt. Dat selwecht mécht och de Vice-President vu bis elo, den Norbert Hartz. Dësen Directoire leet d'Geschécker vun der Lëtzebuerger Automobilsport-Federatioun.
De Marc Joseph bleift awer den ACL Vertrieder an der Kommissioun vun der Biergcoursse bei der FIA, der internationaler Automobilfederatioun.
Am Communiqué steet och nach, dass den Andy Mathekowitsch och an Zukunft a senger Funktioun als Directeur sportif dofir suerge soll, fir den Automobilsport hei zu Lëtzebuerg weider no vir ze bréngen.
Nodeems d'Piste zu Monnerech rezent vum ACL kaaft gouf, wëll een de Fokus méi op de Karting leeën.
Keng Informatioune ginn et am Pressecommuniqué, wien d'Poste vum President a Vizepresident wäert iwwerhuelen. Um Internetsite vum ACL Sport stoung um 4. Februar 2021 am Nomëtteg d'Compositioun vum Directoire vum ACL Sport folgendermoossen:
President: JOSEPH Marc
Vizepresident: HARTZ Norbert
Memberen:
JUCHEM Jean-Claude (Directeur général de l'ACL)
MATHEKOWITSCH Andy (Directeur sportif)
PAULY Guy
SCHWIRTZ Henri
UEBERECKEN Jean-Marc
Membre coopté: WAGNER Donny

Zesummesetzung vum Directoire vum ACL Sport / Screenshot vum 4. Februar 2021 / © www.aclsport.lu
Kuerz nodeems dësen Artikel online gaangen ass, gouf dunn eng Ännerung gemaach um Site, an eng nei Zesummesetzung vum Directoire, mat neie Membere gouf verëffentlecht.