Mat 42 an d'Pensioun
Valentino Rossi zitt Schlussstréch ënnert seng Karriär

© AFP
Dës Saison fiert den italienesche Moto-Star seng lescht Saison.
De Valentino Rossi zitt no dëser Saison ee Schlussstréch ënnert seng Karriär. Dat huet hien offiziell op enger Pressekonferenz zu Spielberg an Éisträich matgedeelt.
9 Mol war hie Weltmeeschter, dovunner 7 Mol an der Kinneksklass vum Motorradssport.
Den Italiener mat der legendärer Nummer 46 huet a senger Karriär 115 Course an de verschiddene Klasse vun der Weltmeeschterschaft gewonnen a stoung 65 Mol op der Pole Position.
Mat 42 Joer geet de Valentino Rossi elo a seng sportlech Pensioun.
Am meeschte gelies