Beim Grand Prix of Styria steet um Enn de Jorge Martin ganz uewen um Podium. Plaz 2 geet un de Joan Mir a Plaz 3 un de Fabio Quartararo.

An der MotoGP gouf e Sonndeg déi 10. Manche gefuer. Um Programm stoung mam Grousse Präis vun der Steiermark déi éischt vun zwou Courssen zu Spielberg an Éisträich.

D'Victoire war um Enn fir den Ducati-Pilot Jorge Martin.

Tweet MotoGP

Tweet Results

D'Course hat mat engem uergen Accident an der Ufanksphas ugefaangen. An der drëtter Ronn war de Savadori an de Motorrad vum Pedrosa gerannt. D'Maschinne sinn duerno a Flamen opgaangen an d'Course gouf ënnerbrach. Iwwer méiglech Blessure vum Savadori ass nach näischt bekannt.

RTL

© AFP

An der Moto2 war de Marco Bezzecchi dee Séiersten. Hien huet sech virum Aron Canet an dem Augusto Fernandez behaapt.

Bei der Moto3 gouf et e Sonndeg eng Victoire fir de Leader am General Pedro Acosta op KTM. D'Plazen 2 an 3 ware fir de Sergio Garcia an de Romano Fenati.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 89 J. Martin / Pramac Racing 38:07.879
2 36 J. Mir  / Team Suzuki Ecstar +1.548
3 20 F. Quartararo / Monster Energy Yamaha MotoGP + 9.632

Moto2

1 72 M. Bezzecchi / Sky Racing Team VR46 37:29.460 25
2 44 A. Canet / Boscoscuro Aspar Team Moto2 37:30.631
3 37 A. Fernandez / Elf Marc VDS Racing Team 37:32.720

Moto3

1 37 P. Acosta / Red Bull KTM Ajo 39:45.869 23
2 11 S. Garcia / Santander Consumer Bank GASGAS 40:00.300
3 55 R. Fenati / Sterilgarda Max Racing Team 40:01.279

De General

MotoGP

1. Fabio Quartararo 172
2. Johann Zarco 132
3. Joan Mir 121

Moto2

1. Remy Gardner 197
2. Raul Fernandez 162
3. Marco Bezzecchi 153

Moto3

1. Pedro Acosta 183
2. Sergio Garcia 130
3. Romano Fenati 96