Brad Binder wënnt spektakulär Course zu Spielberg

© AFP
De Südafrikaner (KTM) huet sech virum Francesco Bagnaia (Ducati) an dem Jorge Martin (Ducati-Pramac) behaapt.
De Brad Binder huet déi 11. Course vun der Saison an der MotoGP gewonnen. Den Éisträicher huet sech e Sonndeg beim spektakuläre Grousse Präis vun Éisträich virum Francesco Bagnaia an dem Jorge Martin duerchgesat.
Leader am WM-Klassement bleift de Fabio Quartararo mat 181 Punkten. Op de Plazen 2 an 3 stinn de Francesco Bagnaia an de Joan Mir mat 134 Punkten.
Extrem spannend war déi zweete MotoGP-Course e Sonndeg zu Spielberg. Bis 5 Ronne viru Schluss war et e Grupp vu 5 Motorradsfuerer, déi sech ëm d'Victoire gestridden hunn. 4 Ronne viru Schluss huet et dunn ugefaange mat reenen. Déi 5, mat ënnert anerem dem Marc Marquez, sinn an d'Box gefuer an hunn d'Maschinne gewiesselt. De Brad Binder hannert dem Leader-Grupp ass de Risiko agaangen an ass weider op der Streck bliwwen. Hie gouf um Enn belount an huet sech d'Victoire gekroopt. Fir hien ass et deen zweete Succès an der MotoGP.
Op de Podium stinn nach den Italiener Francesco Bagnaia an de Spuenier Jorge Martin gefuer.
An der Moto2 ass de Raul Fernandez bis zum Schluss ouni Feeler bliwwen an huet a senger Rookie-Saison domadder schonn déi véierte Victoire gefeiert. Den Ai Ogura stoung als Zweete fir d'éischte Kéier a senger Moto2-Karriär um Podium. Och hien ass e Rookie. Den Augusto Fernandez ass als Drëtten ukomm.
An der Moto3 huet sech de Sergio Garcia an der leschter Ronn ganz knapp d'Victoire geséchert. De Spuenier hat den Deniz Öncü attackéiert a war nach laanscht hie gezunn. Fir den Öncü ass déi zweet Plaz dat bescht Resultat an dëser Saison. Um Podium stoung nach den Dennis Foggia.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 Brad BINDER RSA Red Bull KTM Factory Racing KTM 40'46.928
2 Francesco BAGNAIA ITA Ducati Lenovo Team Ducati +9.991
3 Jorge MARTIN SPA Pramac Racing Ducati 177.0 +11.570
Moto2
1 Raul FERNANDEZ SPA Red Bull KTM Ajo Kalex 37'19.890
2 Ai OGURA JPN IDEMITSU Honda Team Asia Kalex +0.845
3 Augusto FERNANDEZ SPA Elf Marc VDS Racing Team Kalex +2.747
Moto3
1 Sergio GARCIA SPA SANTANDER Consumer GASGAS GASGAS 37'10.345
2 Deniz ÖNCÜ TUR Red Bull KTM Tech 3 KTM +0.027
3 Dennis FOGGIA ITA Leopard Racing Honda +0.346
De General
MotoGP
1 Fabio QUARTARARO Yamaha FRA 181
2 Francesco BAGNAIA Ducati ITA 134
3 Joan MIR Suzuki SPA 134
Moto2
1 Remy GARDNER Kalex AUS 206
2 Raul FERNANDEZ Kalex SPA 187
3 Marco BEZZECCHI Kalex ITA 159
Moto3
1 Pedro ACOSTA KTM SPA 196
2 Sergio GARCIA GASGAS SPA 155
3 Romano FENATI Husqvarna ITA 107