Thierry Neuville wënnt viru senge Landsleit, Grégoire Munster op Plaz 16
De Belsch Thierry Neuville huet sech op mat sengem Hyundai i20 WRC virum Ir Craig Breen (Hyundai) an dem Finn Kalle Rovanperä (Toyota) duerchgesat.
De Hyundai-Pilot Thierry Neuville huet e Sonndeg an der Rallye-Weltmeeschterschaft déi éischt Victoire an dëser Saison gefeiert. No enger staarker Leeschtung a siwe Beschtzäiten op den 20 Speciallen huet hie sech verdéngt déi éischte Plaz bei der Rallye d'Ypres an der Belsch geséchert.
Fir den Neuville ass et déi 14. Victoire a senger Karriär an déi éischt mat sengem Copilot Martijn Wydaeghe.
Den Ir Craig Breen (Hyundai) ass mat engem Réckstand vun 30,7 Sekonnen op déi zweete Plaz gefuer. Hien huet dräi Toyota-Piloten hannert sech gelooss: Kalle Rovanpera (+43,1), Elfyn Evans (+49,6) a Sébastien Ogier (+55,8).
Mam Grégoire Munster war och ee Lëtzebuerger Pilot um Depart. Mat sengem Hyundai ass hien dee 16. ginn. Um Freideg den Owend op der 7. Special huet e Fuerfeeler vum jonke Lëtzebuerger eng besser Placéierung kascht. Hien huet do iwwer 4 Minutte verluer, wéi e mam Hyundai vun der Strooss ofkomm ass an an engem Gruef hänke blouf. Fir de Recht, ass de Grégoire Munster zesumme mat sengem belsche Copilot Louis Louka och 3 Beschtzäiten an der R5-Kategorie gefuer a konnt säin Talent kloer ënner Beweis stellen, dat och géintiwwer Wierkspilote wéi Teemu Sunninen (Ford), Jari Huttunen oder Oliver Solberg (allebéid Hyundai).

De Grégoire Munster a säi Papp Bernard, deen och grouss Erfolleger als Rallye-Pilot hat. / © Ketty a Rom Hankes
WM-Klassement
Leader am General-Klassement vun der Rallye-WM bleift weider de Sébastien Ogier. Hien huet 162 Punkten. Zweeten ass den Evans mat 124 Punkten an den Neuville huet der als Drëtten och 124.
Déi 9. Manche vun der WRC gëtt vum 9. bis den 12. September a Griichenland gefuer.