MotoGP
Grand-Prix vu Malaysia wéinst Pandemie ofgesot

© AFP
Ersat gëtt de Grousse Präis duerch eng weider Course zu Misano a San Marino.
Geplangt war datt d'MotoGP vum 22. bis 24. Oktober a Malaysia op Besuch ass. Niewent dem Weekend vum 17. bis den 19. September gëtt dann lo eng zweete Kéier zu Misano a San Marino gefuer.
D'Areesrestriktiounen an Asien sollen den Haaptgrond dofir sinn. Schonn am leschte Joer gouf keng Course um Sepang Circuit a Malaysia gefuer.
Am meeschte gelies