E Samschdeg de Mëtteg um 16 Auer war den Depart vun de legendäre 24 Stonne vu Le Mans.

No 18 Stonne féiert Toyota bei de 24 Stonne vu Le Mans an et gesäit ganz no engem Succès aus.

Wat zanter dem Depart, respektiv an der Nuecht a bis e Sonndeg de Moie geschitt ass, resuméiert de Serge Pauly:

Update 24h vu Le Mans / Reportage Serge Pauly

Den Dylan Pereira a seng zwee Equipiere leien op der 28. Plaz am General a sinn déi Zweet an hirer Klass. D'Zil ass et awer, an den nächste Stonnen nach op déi éischte Plaz mat hirem Aston Martin no vir ze fueren. Den Dylan Pereira ass mëttlerweil fäereg mat fueren. Um Mikro vum Serge Pauly huet hie sech zefridde gewisen.

Extrait Dylan Pereira